De Wright ass en Aschlagkrater um baussenzege südwestleche Rand vun der viischter Moundsäit an ass dofir entweeder wéinst der Libratioun net ze gesinn oder gesäit staark verzerrt aus.

Wright
De Moundkrater Wright um nërdlechen Enn vum Vallis Bouvard (LROC-WAC)
Koordinaten 31°33'0"S, 86°44'24"W
Duerchmiesser 38,73 km
Déift ? m
Selenographesch Längt 87° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1964
Moundvéiereck LQ25

Säin Duerchmiesser huet knapps 39 Kilometer. Nërdlech vum Wright läit de Krater Pettit.

Südwestlech läit de Krater Shaler a südlech dovun de Vallis Bouvard.

De Krater huet en Niewekrater, Wright A; dee läit ongeféier en hallwe Kraterduerchmiesser am Südsüdwesten, laanscht de Rand vum Montes Cordillera.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 32,82° S, 87,3° W7 11 km [1]

De Krater gouf am Joer 1964 vun der I.A.U. no den amerikaneschen Astronome Frederick Eugene Wright (1877–1953) a William Hammond Wright (1871–1959) an nom brittesche Philosoph Thomas Wright (1711–1786) genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren