De Wissbam ass eng hëlze Staang, déi de laange Wee iwwer dat lassent Hee um Heewon geluecht gouf fir dat no ënnen ze pressen. De Wissbam deen ongeféier 20 cm Duerchmiesser hat war der Längt vum Won ugepasst, a war normalerweis aus Eschenholz. Op all Enn war e Krack an d'Holz gehaen. De Bam gouf mat deem enge Krack, um Kapp vum Won ënner enger vun de queesche Late vum Heegeck eragestach. Um hënneschten Enn gouf eng Ketten drëmgeschlëppt an déi gouf da gespaant. Fir d'Ketten ze spane gouf een Däiwel benotzt, deen no ënnen um Laangkoff vum Won festgemaach gouf.