Den Heegeck ass e Gestell, dat enger Leeder gläicht, a benotzt gouf fir um Leederwon d'Hee méi héich kënnen ze tässelen.

En Heegeck als Fassadendekoratioun

Den Heegeck gouf op déi viischt Säit vum Heewon vertikal dropgesat fir dat lassent Hee, dat mat der Heegafel eropgeluede gouf, besser ze stäipen. Uewendrop gouf d'Hee mam Wissbam gehalen.