Willy Dondelinger
lëtzebuergesche Politiker (LSAP)
De Willy Dondelinger, gebuer den 11. Dezember 1928 zu Iechternach, a gestuerwen den 8. Oktober 2001 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP).[1]
Willy Dondelinger | |
---|---|
Gebuer |
11. Dezember 1928 Iechternach |
Gestuerwen |
8. Oktober 2001 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP |
Hie gouf bei de Chamberwale vum 26. Mee 1974 als Deputéierten an d'Chamber gewielt, an hien ass bei de Chamberwale vum 10. Juni 1979 a bei de Chamberwale vum 17. Juni 1984 zeréckgewielt ginn. Hien huet säi Mandat als Deputéierte bis 1989 behal.
Hie war vum 4. Juli 1974 bis de 16. Juli 1979 als Vertrieder vun der Chamber lëtzebuergeschen Deputéierten am Europaparlament.[2]
Referenzen
änneren- ↑ De Willy Dondelinger am Luxemburger Lexikon 1. Oplo 2006 bei Éditions Guy Binsfeld Säit 93
- ↑ Les anciens Députés luxembourgeois op der Websäit vum Europaparlament