Wilhem von Engerth

éisträicheschen Architekt an Ingenieur
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Wilhelm von Engerth, gebuer de 26. Mee 1814 zu Pszczyna a Schlesien a gestuerwen de 4. September 1884 zu Baden bei Wien , war en éisträicheschen Ingenieur, Professer, Architekt, Erfinder a Lokomotivbauer.

Wilhem von Engerth
Gebuer 26. Mee 1814
Pszczyna
Gestuerwen 4. September 1884
Baden
Nationalitéit Keesertum Éisträich
Aktivitéit Ingenieur, Architekt, Professer, Erfinder, Politiker

Den Engerth gouf besonnesch wéinst senger Iddi vum Gelenktender mat Undriff bekannt. Dee System huet et den deemolegen Damplokomotiven erméiglecht grouss Laaschten iwwer géi Rampen eropzebréngen. D'Engerth-Lokomotiv war déi Lokomotiv déi d'Exploitatioun vun der Semmering-Bunn méiglech gemaach huet. Si gouf och a Frankräich op verschiddene Biergstrecken agesat.

D'SB 610 mat ugedriwwenem Tender gebaut bei Cockerill zu Seraing