Wilhelm Lamormaini

lëtzebuergesche Theolog a Jesuitt

De Wilhelm Lamormaini, gebuer als Guillaume Germai den 29. Dezember 1570 zu Lamorménil, am Herzogtum Lëtzebuerg, haut an der belscher Gemeng Manhay, a gestuerwen den 22. Februar 1648 zu Wien, war e lëtzebuergesche Theolog a Jesuitt.

Wilhelm Lamormaini
Gebuertsnumm Guillaume Germai
Gebuer 8. Januar 1571 jul.
Lamorménil
Gestuerwen 22. Februar 1648
Wien
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Karls-Universitéit
Aktivitéit Priister, Professer

An der Zäit vum Drëssegjärege Krich war hien de Beichtpapp a Conseiller vum Keeser Ferdinand II. an domat eng aflossräich Perséinlechkeet, wat d'Ausbreede vun der Géigereformatioun a Mëtteleuropa ugeet.

Hie war de Brudder vum Henri Germai.

Liewen änneren

Hien huet bei de Jesuitten zu Tréier studéiert a goung dunn op Prag an op Brno, wou e promovéiert huet an an de Jesuittenuerden agetratt ass. Hien huet zu Bratislava als Paschtouer an zu Žilina an zu Prag als Enseignant geschafft. 1606 gouf e Professer fir Theologie op der Jesuittenuniversitéit vu Graz, am Herzogtum Steiermark. Do gouf den Erzherzog Ferdinand II. vu Bannen-Éisträich, de spéidere Keeser, op hien opmierksam.

Vu 1621 bis 1623 war de Lamormaini zu Roum, bis e Rektor vum Jesuittekolléisch vun der Universitéit Wien gouf. 1643 bis 1645 war hie Provinzial vun den éisträichesche Provënze vun de Jesuitten.

1624 gouf hie Beichtpapp a Conseiller vum Ferdinand II. bis zu deem sengen Doud, 1637.

Hien huet un enger Biographie iwwer de Keeser matgeschriwwen, vun där just en Deel 1638 publizéiert gouf, mam Titel: Ferdinand II, Romanorum Imperatoris, Virtutes "(Ferdinand II, Réimesche Keeser, Dugenden").

Um Spaweck änneren

Commons: Wilhelm Lamormaini – Biller, Videoen oder Audiodateien