Wikipedia Diskussioun:Nummkonventiounen

Letzter Kommentar: viru(n) 4 Méint von GilPe in Abschnitt Ministèren, Organisatiounen, Verwaltungen

Uertschaftsnimm änneren

Lo hale mer eis un dat, wat eng Majoritéit wollt hunn änneren

  • Les Meloures: "fir drëtt datt ech proposéieren d'Sachen ze Nennen wéi se offiziell bei sech doheem heeschen"
  • Alexandra: "Ech sinn och dofir d'Uertschaftsnimm esou ze loossen wéi se offiziell heeschen an d'Lëtzebuerger Uertschaften awer op alle Fall op lëtzebuergesch solle sinn"
  • Tomateus: "auslännesch Uertschaftsnimm (bei geleefegen Nimm vu Stied kann ee streiden) no hirer offizieller Bezeechnung ze nënnen. Wann et e geleefege lëtzebuergeschen Uertschaftsnumm gëtt, kann ee jo nach ëmmer e Redirect maachen."
  • Pecalux: "Ausland: Offizielle Numm mat de néidegen Redirecten vun anere geleefege Nimm. Lokal Varianten kënnen am Artikel ernimmt ginn. Beispill: Antwerpen, mat Redirect vun Anvers.
  • Zinneke: "Ech si mat d'accord, grondsätzlech net-Lëtzebuerger Uertschaften ënnert hirem/n offiziellen Numm/Nimm (dh wéi se do, wou se sinn, heeschen) ze lemmatiséieren. Ausname sollen awer méiglech bleiwen: a) Uertschafte mat engem "allgemeng bekannte" lëtzebuergeschen Numm (Tréier, Léck, Paräis, Bréissel, Roum, Lissabon, ...),"
  • Caranorn: "Ann aanere Wikipediaen ass et Usus Uertschaften mam Numm an der Sproch vun däer Wiki ze bennenen. Eigentlech sollte mer daat selwescht maan,"
    • E perséinlecht Wuert un de Caranorn vum Cornischong: Jo, mär wäerten dat "selwescht maan". Kuck emol an der däitscher wat iwwer dem Artikel iwwer Diddeleng steet; also net den däitschen Numm!!! Usus ass also net dat wat s de eis hei verkafe wëlls.
    • Diddeleng ass e schlecht Beispill, do gëtt et wéinst dem Zweete Weltkrich natierlech Hemmungen an der de-wiki.
  • Robby: " wa mir all déi Uertschaften a Stied einfach esou benennen wéi dat bei hinnen offiziell de Fall ass."

Fazit änneren

  • D'Uertschaften am Lëtzebuerger Land droen als Lemma den Numm op Lëtzebuergesch an der Schreifweis vum Josy Braun sengem Bichelchen. (Well et keng offiziell Schreifweis fir Uertschafte gëtt, ass dat e valabele Kompromëss.)
Mëttlerweil gëtt et fir d'Uertschaften zu Lëtzebuerg eng festgeluechte Schreifweis am LOD (heiansdo och mat der enger oder anerer Variant), deemno zielt elo d'Schreifweis vum LOD.
  • Uertschaften am "Ausland" hunn als Lemma deen Numm, dee se an hirem Land droen.

Ausname maache mer bei auslänneschen Nimm, déi en allgemeng bekannten Numm op Lëtzebuergesch hunn (Roum, Tréier, Bréissel, Paräis) Selbstverständlech soll sou wäit wéi méiglech bannent dem Artikel den Uertschaftsnumm "erkläert" Mat allem Drëm an Drun.

  • Redirecten: Bei allen Nimm solle Redirecte gemaach ginn, wa se e Sënn erginn. Esou huet jiddereen d'Méiglechkeet en Uertschaftsnumm ze fannen. (Op Idiotien wéi "Burrig-Räiland" kënne mer verzichten).

Déi Uertschaftsnimm, déi net an der gewënschter Form sinn, sollen an de nächsten Deeg "verbessert" ginn. --Cornischong 14:10, 9 Januar 2007 (UTC)

Eng Stëmm déi carrément zenséiert sollt ginn:

  • Otets: "Firwat mär als allereenzeg Wiki sollen aktiv um Vergiessen a Verleegnen vun eisen Uertsbezeechnunge solle matwierken, wou grad mär et esou batter néideg hätte mam gudde Beispill virzegoen an ze weisen, datt et ebe grad net d'Normalitéit ass, kee Lëtzebuergesch méi ze kënnen, dat geet iwwert mäi Beispillversteestemech. Géint Gigante wéi en-wiki an de-wiki kann d'lb-wiki virun allem mat spezifesch Lëtzebuergeschem punkten. Schonns aleng dofir ass et wichteg, lëtzebuergesch Uertschaftsnimm am googlerelevanten Titel ze hu fir waméiglech als éischte Site domat do ze stoen." --Otets 20:40, 11 Januar 2007 (UTC)
Mierks de net, datt Sproochfreaken, déi hei wëlle mat "Burrig-Räiland" oder "Oozfeld" hauséiere goen, de googlerelavanten Titele méi schuede wéi se bäidroen. De Pear (dee mam "Oozfeld") huet d'Dier gejummt an ass iwwer Dictionnaireskommissiounen hiergefall, wéi e gefrot gouf, wou en déi Nimm hierhuet. Méintelaang ass de System mat den Nimm propper gelaf (kuck: Buerg-Rëttgen an déi sëllegen aner), bis datt ee mat Burrigen an esou Topegkeete feelgeet, an dat versaut. Wann et nëmmen dorëms geet, fir um Stamminet ze schwadronéieren, dann ass et besser, datt s de eng eege Säit opméchs, op deeër s de alles néierschreifs wat der uewe läit. Hal just mat dem Zensur-Gesabbels op! Bass de der bewosst, wien iwwerhaapt däin Dénge liese wëll? Schaff mat oder sich der en Chatroom iergendwou anescht. --Cornischong 21:32, 11 Januar 2007 (UTC)

=======================================================================================================0

Saache gëtt et, gëtt et déi? änneren

" also Plancksche Wierkungsquantum, net Planck’sche Wierkungsquantum, obschonns déi zwou Schreifweise prinzipiell zoulässeg sinn.." Dat géif ech am Lëtzebuergeschen awer mol gär gesinn. Ass dat net e bëssen zevill Transmuselanesch ? --Cornischong 10:37, 16 Januar 2007 (UTC)

Veräiner änneren

Wëll mer d'Nummkonventioune fir Veräiner net ganz kloer sinn, wollt ech hei mol léiwer nach eng Kéier nofroen. D'Beispill vun de lëtzebuergesche Foussballclibb:

  • Déi meescht Veräiner hunn en offiziellen Numm op franséisch (AS La Jeunesse d'Esch), sinn awer dacks éischter ënnert hire verkierzten Nimm op lëtzebuergesch geleefeg Jeunesse Esch. Deemno misst d'Lemma dann Jeunesse Esch sinn (+Redirect vun AS La Jeunesse d'Esch +datt den offiziellen Numm am Artikel genannt gëtt).
  • D'Beispill vun der Escher Jeunesse ass nach relativ einfach, méi kriddeleg ass beispillsweis den F.C. Progrès Niedercorn. Ass d'Lemma do elo F.C. Progrès Niedercorn, FC Progrès Niedercorn (ouni Punkten), Progrès Niedercorn (ouni FC, wat op ville Wikien de Fall ass) oder, vue que datt am Ländche kee Mënsch vu Nierdercorn mee vu Nidderkuer schwätzt, Progrès Nidderkuer (respektiv FC Progrès Nidderkuer a sou virun).
  • Erëm aner Veräiner hunn ewell en offiziellen Numm op lëtzebuergesch (oder och nëmmen deelweis). Deen ass awer net ëmmer ganz konform zu eiser Schreifweis! Beispiller wieren UN Käerjéng 97 an F.C. Koeppchen Wormeldange. D'FLF schreift op hirer Säit zwar och Käerjeng, d'Käerjenger selwer hunn nawell Käerjéng [1] op hirem Logo/Site drop. An do wier jo nach den F.C. Koeppchen Wormeldange, Koeppche Wuermer, Koeppchen Wuermeldeng, ..., wie weess dat hei ze kombinéieren ;-)

Merci! Kaffi 09:31, 13 Mäerz 2007 (UTC)

Moien. Deng Fro ass esou gutt recherchéiert a formuléiert, datt meng Äntwert e bësse bëlleg wierkt. Well et keng "offiziell" Konventioun iwwer d'Uertschaftsnimm gëtt, hate mer eis alt un dem Josy Braun seng gehalen. Lo musse mer gesinn, datt dee vun Oplo zu Oplo bei deem engem oder deem aneren Uertschaftsnumm et ännert. Clervaux war an der 10. Oplo nach "Klierf"; an der 12. heescht et op eemol "Clierf". Dabäi hate sech e puer "Lokalmatadoren" an d'Broscht gehäit. Wann d'Foussballclibb selwer net wësse wéi se heeschen oder wa se nach net gemierkt hunn a watfir engem Land se spillen (déi vun der Köppchen, der Koeppchen oder der Këppchen sinn en typescht Beispill) da kann ech mer net virstellen, datt mär "déi" Léisung fanne kënnen. Den "offiziellen Numm" vun der FOLA kennt praktesch kee Mënsch! Dann di mer gutt drun, d'Veräiner hei an de Album ze peche mat dem "geleefegsten" Numm, an da mat Redirecten ze hantéieren. Dat kënnen der heiansdo vill ginn. Loosst eis also op déi perfekt Léisung verzichten, .......... fir eng Kéier. --Cornischong 10:23, 13 Mäerz 2007 (UTC)
Net bëlleg, mee e realistesche Kompromëss bei esou vill Variabelen (a virun allem enger apaart wibbeleger: eiser Sprooch), wier et mech Wonner ginn wann elo een "déi" Léisung ze presentéieren hätt. Kucke mer datt mer d'Saach einegermoosse verstänneg an de Grëff kréien! Wichteg ass virun allem emol datt (all) d'Nimm am Artikel ze fanne sinn. Wat awer nach dobäi kennt ass datt vill Veräiner un akuter Fusiounitis leiden, sou datt d'Nimm och nach all zweeten Dag changéiern, mee bon... Merci fir d'Äntwert! --Kaffi 13:20, 13 Mäerz 2007 (UTC)

Aserbaidschanesch änneren

Hallo, entschuldigt bitte, dass ich auf Deutsch schreibe, aber leider kann ich kein Luxemburgisch! Ich habe gesehen, dass ihr für die luxemburgische Wikipedia weitgehend die Namenskonventionen aus der deutschen Wikipedia übernommen habt. nun ist es so, dass wir in der deutschen Wikipedia mittlerweile den aserbaidschanischen Buchstaben ə verwenden und nicht mehr stattdessen ä schreiben. Diese Entscheidung ist zum einen darauf zurückzuführen, dass sich in Aserbaidschan das ə vollständig gegenüber dem ä durchgesetzt hat, zum anderen und vor allem aber, dass wir in der deutschen Wikipedia alle anderen auf dem lateinischen Alphabet basierenden Sonderzeichen, etwa das isländische þ, auch verwenden und kein ersichtlicher Grund besteht, ausschließlich im Fall der aserbaidschanischen Sprache anders zu verfahren. Ich wollte euch diese Veränderung in unseren Namenskonventionen nur mitteilen, für den Fall, dass ihr sie übernehmen wollt! Gruß Juhan, deutsche Wikipedia

Haben wir nicht übernommen. Danke trotzdem für die Info. --Otets 18:49, 29. Sep. 2008 (UTC)Äntweren

Organisatiounen an Ariichtungen änneren

Den Ufank steet jo schonns hei. Meng Fro ass méi praktesch: wéi solle mer de gesetzlech festgelueten Numm präsentéieren, Lëtz (Fr) oder Lëtz, offiziell: Fr, oder wéi soss? --Otets 18:56, 29. Sep. 2008 (UTC)Äntweren

Eng Kompromësspropos: Lëtz (offiziell Fr). --Otets 21:18, 9. Okt 2008 (UTC)

Ministèren, Organisatiounen, Verwaltungen änneren

Kuckt wgl. den Historique an der Diskussioun:Lëscht vun de Ministèren zu Lëtzebuerg GilPe (Diskussioun) 14:23, 14. Dez. 2023 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Projetssäit "Nummkonventiounen".