Wikipedia:WikiProjeten
WikiProjete sinn thematesch oder zäitlech begrenzt Efforten, un deene sech méi Leit op eng strukturéiert Manéier bedeelegen. Dat kann d'Schafe vun Artikelen iwwer e bestëmmte Sujet sinn oder awer d'Opsetzen oder d'Ännere vun Artikelen am Kader vun engem bestëmmten Evenement, wou et besser ass, dat zu méi ze maachen.
Bis ewell ginn oder gouf et WikiProjeten zu dësen Theemen (antichronologesch zortéiert, mam Grënnungsdatum a Klammeren):
- WikiProjet Stroossennimm (30. Aug. 2024)
- WikiProjet 20 Joer (6. Abr. 2024)
- WikiProjet Kënschtler (5. Jan. 2024)
- WikiProjet Chamberwalen (17. Sep. 2023)
- WikiProjet Zeitungen an Zäitschrëften (4. Jan. 2022)
- WikiProjet Schreifweis 2019 (21. Nov. 2019)
- WikiProjet Comics (26. Nov. 2018): Am Kader vun engem Seminaire op der Uni Lëtzebuerg Artikelen zum Theema Comics a BDe schreiwen.
- WikiProjet 10 Joer (11. Jun. 2014)
- WikiProjet Haaptsäit (2. Jan. 2014)
- WikiProjet Lokalgeschicht (12. Mäe. 2012): Am Kader vun engem Seminaire op der Uni Lëtzebuerg Artikelen iwwer lokalhistoresch Sujete schreiwen.
- WikiProjet Historiographen (22. Feb. 2012): Am Kader vun engem Seminaire op der Uni Lëtzebuerg Artikelen iwwer Historiographe schreiwen.
- WikiProjet Gemengen (26. Okt. 2011): Sécherstellen, datt sämtlech Säiten a Strukturen de Fusioune vun de lëtzebuergesche Gemenge Rechnung droen.
- WikiProjet National Monumenter (16. Feb. 2011): D'Lëscht vun de klasséierte Monumenter zu Lëtzebuerg op der Wikipedia refletéieren, Informatiounen a Biller dozou zesummestellen an den internationale Concours Wiki Loves Monuments begleeden.