Wikipedia:De Staminee/Archiv2008/November

Uertschaften a Gemengen änneren

Ech proposéieren d'Uertschaften an d'Gemengen ze trennen.
Also z.B. fir Miersch, zwee Artikelen (2 Lemmaen):

Miersch
Miersch (Gemeng)

Am Artikel mam Lemma Miersch soll dann uewe stoen: fir d'Gemeng Miersch: klickt hei. Eng Homonymiessäit 'Miersch' sollt menger Meenung no net gemaach ginn. Meeschtens sicht ee jo no der Uertschaft, net esou oft no der Gemeng mat deem Numm. Cayambe 19:51, 28. Okt 2008 (UTC)

  • Exzellent a sënnvoll Propose vum Cayambe. Hei als Beispill mol Wolz (Gemeng) an Wolz (Stad) ëmgesat als Diskussiounsbasis. --PlayMistyForMe 20:32, 28. Okt 2008 (UTC)
  • Eng gudd Iddi, ech proposéieren mat de Gemengen unzefänken déi den Titel Stad hun. Et muss just opgepasstginn datt d'Interwikilinken dann och richteg gesat ginn. --Robby 21:22, 28. Okt 2008 (UTC)
Op mannst bei de Gemengen déi aus méi wéi enger Uertschaft bestinn, géif ech et sënnvoll fannen fir den Artikel opzedeelen a verschidden Informatiounen wéi den Numm vum Buergermeeschter nëmmen an den Artikel vun der Gemeng ze schreiwen.
Ech wor mir den Artikel Wolz (Stad) ukucken a konnt do liesen "Wolz ass eng Stad an der Gemeng Wolz an am Kanton Wolz."
Menger Meenung no kann een dat net esou stoe loossen, well zu Lëtzebuerg huet "Stad" (op franséisch "ville") eng ganz bestëmmte Bedéitung, déi am Artikel 1 vum Lëtzebuerger Gemengegesetz festgeluecht ass:La dénomination de ville est attribuée par la loi. Elle est conservée aux communes de Luxembourg, Diekirch, Differdange,Dudelange, Echternach, Esch-sur-Alzette, Ettelbruck, Grevenmacher, Remich, Rumelange, Vianden et Wiltz.
Esou ass mat Stad Wolz (op franséisch "Ville de Wiltz") de ganzen Territoire vun der Gemeng Wolz gemengt, an net nëmmen d'Uertschaft Wolz.
Ech géif et duerfir besser fannen fir de Lemma "Wolz (Stad)" duerch de Lemma Wolz (Uertschaft) ze remplacéieren.
Déi genee Bedéitung vun "Uertschaft" ass allerdéngs och net onproblematesch. Esou stinn d'Quartieren vun der Stad Lëtzebuerg op der Lëscht "LOCALITES DU GRAND-DUCHE DE LUXEMBOURG"
--Fliedermaus 09:25, 29. Okt 2008 (UTC)
  • D'Opdeelung vun de Quartiere vun der Stad gëtt et net an der Lëscht vun de Localitéiten. Déi Opdeelung ass eng reng administrativ vun der Stad a regruppéiert a verschiddene Quartieren méi Uertschaften, wéi z.B Neiduerf/Weimeschhaff. An anerere Quartiere sinn d'Uertschafte gespléckt wéi z:B Bouneweg. Les Meloures 09:34, 29. Okt 2008 (UTC)
  • "Quartieren" war effektiv net de richtegen Ausdrock. Gemengt hat ech déi eenzel Deeler vun der Gemeng Lëtzebuerg déi Neiduerf, Bouneweeg, Gronn, Lampertsbierg... heeschen. Fir dës als "Uertschaft" ze bezeechnen fannen ech e bëssi bosseg, och wann se op där ominéiser Lëscht stinn. --Fliedermaus 15:04, 29. Okt 2008 (UTC)
  • Tjo, Déi Lëscht war dat Éischt wat ech den éischten Dag wéi ech op der lb:Wiki ugefaangen hunn ze héiere krut. An der Tëschenzäit gouf ons Uertschaftslëscht, bis virun e puer Méint, net méi komplettéiert, mol net mat den Artikelen déi et gëtt. Entweder et ass déi offiziell Lëscht vun den Uertschaften oder net. Wann net war scho vill Getalks fir d'Kaz. Les Meloures 15:20, 29. Okt 2008 (UTC)
  • Moien, ech proposéiere, datt mir eis weiderhinn un déi offiziell Lëscht vun den Uertschatfen halen. Dëst well: a) et sech em eng offiziell Referenzlëscht handelt; si huet de Mérite datt se do ass:-) b) wa mir vun dëser Lëscht ofwäichen, da riskéiere mer an endlos (a steril) Diskussiounen ze geroden. --Cayambe 08:34, 31. Okt 2008 (UTC)

Urheberrechter vu Lëtzebuergesche Bicher änneren

Ma ech wollt emol froen, op een sech hei e bësse mat den Urheberrechter vu lëtzebuergeschen Wierker auskennt? D'Saach ass déi: ech woar dëss lescht op der Sich no zwee Bicher vum Dicks an hu misse séier feststellen, datt ech déi néierends méi an engem Butték fannen. Nobestellen geet laut de Verkeefer och net. Op Flou- a Bichermäert hat ech bis elo och nach net vill chance (ech kinnt se just an der Bibliothéik léinen, mee ech wollt d'Bicher awer léiwer fir mech hun ^^). Do hunn ech mer geduecht, mat Wikipedia a speziell Wikibooks, wier et dach gudd, wann ee Fräiwellegen dat eent oder aanert Buch fir d'Zukunft an digitaliséierter Form erhaale kinnt... fir de Fall, datt eng Neioplaag esou séier net geplankt wier. Mee wéi gesot, ech kenne mech net mat den Droits d'auteur aus. Et héiert een jo dack, datt e Copyright 70 Joer nom Doud vun engem Auteur giff erläschen. Wéi geseit et bei de Bicher vum Dicks aus (zum Beispill Luxemburger Sitten und Gebräuche, Luxemburger Sagen und Legenden etc.)? Merci am virraus, --JimHawk 14:21, 5. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moie JimHawk, dat mam Droit d'Auteur hues de richteg geschriwwen: dee verläscht 70 Joer nom Doud vum Auteur. Texter vum Dicks sinn deemno am Domaine public. Allerdengs muss een, wéilt ee se publizéieren, opppassen, datt et d'Originaltexter sinn, an net editéiert Beaarbechtungen (z.B. kommentéiert Editiounen, oder esou): do huet deen, deen do dru matgerschafft huet, seng Droits-d'auteuren, déi ë.Ë. nach gëllen. Ob eng Transkriptioun an eng méi "modern" Schreifweis wéi déi, déi den Dicks sech ausgeschafft huet, schonns eng Adaptatioun ass, misst e Jurist konfirméieren, no mengem Versteestemech misst dat awer esou sinn. Dem Dicks seng Operettë goufe ménges Wëssens no fir d'Lescht vum J-P Krippler-Muller (Dicks Gesamtwierk an 3 Bänn, 1980f.) erausginn. D'Sitten und Gebräuche goufen 1985 och bei Krippler-Muller nei editéiert, d'Sagen und Legenden 1989 bei Editions Borschette.
Ob elo "een" d'Mumm Séis & Co. op Wikibooks setze kinnt: jo sécher wier dat gutt, et muss just "een" et maachen. Et wier allerdéngs net vu Mutwëll, virdru bei der Nationalbibliothéik oder dem Litarturarchiv nozefroen, do geet an der Lescht och vun Digitaliséierunge riets. Op jiddfer Fall eng Piste à suivre, a solls Du deen "Een" sinn: mäin Encouragement a meng Felicitatioune fir d'Initiativ am viraus! --Zinneke 14:51, 5. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Mol villmols Merci fir déi séier äntwert! Also jo, ech hat emol wëlles, Luxemburger Sitten und Gebräuche resp. Sagen und Legenden an eBook-Form ze setzen, eben well ech déi Bicher am Handel net méi fannen (ech hu mer se dunn bei Kolleegen zeréck geléint, deenen ech et virun e puer Joer als Gebuertsdagskado ginn hunn). Mee do kënnt elo och nach dobäi, datt dat en däitschen Text ass... do froën ech mech, op esou een eventuell op der letz. Wikibooks eppes verluer huet (menger Meenung jein... wa jo, dann aus deem Grond, datt et aal Wierker vun engem Lëtzebuerger iwwert d'Lëtzebuerger sinn.
Ech hu mer déi ausgeléinten Versioun vun Luxemburger Sitten und Gebräuche aus dem Joer 1985 (Krippler-Muller) nach eng Kéier ugekuckt. Do ass keen Vermierk ze fannen, datt eppes um Text geännert wier, et heescht hei just "Neue illustrierte Ausgabe". Wees de villäicht, wou a ween een do froe kinnt? Oder op een deen text awer huele kann, wann ee do d'Biller eweghëllt, resp. den Text einfach komplett iwwersetzt? --JimHawk 15:05, 5. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
De Kripplesch Jempi ass schonn e Strapp dout, ween haut fir säi Verlag, resp. d'Bicher doraus, zoustänneg ass weess ech net. Wann am Kripplerbuch den Text a pre-1906er Schreifweis ass (d.h. den "T" dack "Th" geschriwwen ass, ewéi bei " die That" (="die Tat"), kann een dervun ausgoen, dass en den Originaltext erëmgëtt, an een deen deemno "à son tour" ofschreiwe kann (fir ganz sécher ze sinn, kinnt een et mat engem Original vun deemools (BNL) stéchprouweweis vergläichen). Dass et op Däitsch ass, ännert jo näischt un der editorerscher Leeschtung, et op Wikibooks an elektronescher Form "der Mënschheet" (mat Internetuschloss) zougänglech ze maachen. Vun der lb:Wiki misst sou oder esou e Link drop gemaach ginn. Iers de ufänks giff ech awer sécherstellen, datt d'BNL net am Gaang ass, dat selwecht ze maachen, fir duebel Aarbecht ze verhënneren. Vlâit bréngs de se jho och eréischt op d'Iddi, et ze maachen, an du kinns se da gewäerde loossen. --Z.
Gudde mëtteg, ech nach eng Kéier. Ma ech hu mech emol bei der Nationalbibliothéik emfrot, mol kucken op ech do eng Äntwert kréien. Ech wollt do just nach eng kéier no denger Meenung froen: wann ech elo giff den Originaltext, op lëtzebuergesch iwwersetzen, wier dat dénger Meenung no an der Rei? Vu datt um Originaltext scho keen Copyright misst drop sinn! Dat wier dann jo mol och e gudden Ufank fir déi lëtz. Wikibooks... onofhängeg dovunner, op d'Nationalbibliothéik dat Buch an deenen nexten 10, 20 Joer digitaliséiert oder net. Achjo, déi Ausgab ass tatsächlech nach an aaler däitscher Sprooch also "die That" etc. --JimHawk 12:53, 6. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Moien, ech hat dech esou verstanen, du giffs den Originaltext vun de Sagen u. Legenden, resp. Sitten & Gebrauche (d.h. op Däitsch) op Wikibooks wëlle setzen. Éierlech gesot gesinn ech do net vill Sënn, e wëlle mat vill Méi z'iwwersetzen (Iwwersetze vun Texter mat Fachtermini - och nach an zum Deel vereelzter Sprooch - kann eng quokelech Saach sinn an ass net fir näischt e Studiefach fir sech). Ech giff et fir méi efikass halen, d'(Original)wierk, dat (a Buchform) vergraff ass, a bei deem de Copyright verfall ass, nees zougänglech ze maachen, allerdengs dann éischter op Wikisource (an dann och mam "Th";-).
Wikisource ass eng Sammlung vun Texter, deenen hiert Copyright ofgelaf ass, wärend Wikibooks eng Zort Kräizung tëschent Artikelen, déi soss ze laang wieren, an engem Gratis-editeur vu Sachbicher ass.
Wat dem Dicks seng Theaterstécker/Opereretten ubelaangt: Do ass de lëtzebuergeschen Originaltext an enger Schreifweis, un déi ee sech fir d'éischt emol gewinne muss, ier ee se ka liesen (zB braucht den Dicks en "Hatschek" als Indikateur fir en Diphtong: "Mum Sěs" an e Zirkonflex, deen iwwer zwee Buchstawe geet, an haut guer net méi ze reproduzéieren ass, wéi bei deem iwwer dem "u" an "o" bei "*Juocht"). Wann een déi giff integral an déi haideg Schreifweis transkribéieren, dat wier eng Valeur ajoutée. Allerdéngs misst dat dann ausdrécklech "um Deckel" ernimmt ginn, an den "Transcribeur" (Du) mentionnéiert.
--Zinneke 13:57, 6. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Also ech vun der Nationalibibliothéik hunn ech mol geäntwert kritt, datt déi 2 Titel fir déi näechst Zäit net geplankt sinn, et kinnt een sech se awer op Pabeier ausléinen ^^ Wéi gesäit et dann mat der lëtzebuergescher Wikisource aus? Also fir eis aal Texter a la Mumm Séis etc.? ass do eng Ufro geplankt, fir esou eng och opmaachen ze kënnen? Dat mat der iwwersetzung woar alt esou eng Iddi, du hues scho recht, datt dat ze quokeleg ass ^^ Et ass een halt am Ufank esou schrecklech motivéiert ;) --JimHawk 08:35, 7. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien, uff, du hues natierlech Recht, et gëtt (nach) keng lb:Wikisource fir lëtzebuergesch Texter. Ech hu keng Anung, wéivill Opwand an Aarbecht doranner gestach misst ginn, fir esou eng (Basisversioun) op d'Been ze setzen, ier een iwwerhaapt deen éischten Text doropper setze kinnt. Da kéim d'Fro, wéivill Texter duer iwwerhaapt hikomme kéinten? De Romain Hilgert huet jo schonns en Deel lizenzfräi Literatur op lëtzebuergesch op Land.lu gesat, dh. de Renert komplett an dem Antoine Meyers seng Gedichtercher. Eenzeg den Dicks an den Zinnen fale mer als Auteure vum 19. Joerhonnert an, déi duer komme kéinten, a vläit nach deen een oder aneren Hobbydichter, dee virun 1937 gestuerwen as.
Dofir, a fir ze verhënneren, dass deng Motivatioun drënner leide misst^^, giff ech der Proposéieren, emol mam Dicks sengen 2 Bicher op Däitsch unzefänken. Déi kéime jo an d'de:Wikisource. Hues de do eng Software, déi der gescannte Säite "liest" an an eng Textdatei ëmwandelt? --Zinneke 10:18, 7. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

PS: hei en Iwwerbléck, wat et doruechter gëtt: http://land.lu/html/dossiers/dossier_luxemburgensia/indexbiblionumeri.html

Ma am Ament probéieren ech et nach mat der Funktioun, déi am Adobe Acrobat integréiert ass. Dëssen OCR ass nët perfekt, mee e mëscht säin Dingscht. Ech hun einfach d'Buch eragescannt an als consultable PDF ëmgewandelt. Fir d'de:Wikisource ass dat aber leider keen zoulässegen Quelltext, well et sech em eng Zweetausgab handelt. Mee bon, soubaal ech un eng Originalausgab rukommen, gëtt déi ofgeknippst an als Quelltext matgeliwwert (et Projet gëtt nëmmen akzeptéiert, wann e valablen Quelltext eropgelueden gëtt). Esou laang kann ech dann iwwert den Text korrekturliesen.

Wat d'lb:wikisource ugeet, hues de natierlech recht, datt alleng do d'Virbereedung déi eigentlech Motivatioun giff ausbremsen an een sech effektiv froe muss, op dësst e Wert huet, fir déi wéineg lëtzebuergesch Quelltexter, déi gemengfräi sinn. Mee dat selwescht kinnt een sech och bei der lb:Wikibooks froen... Op allefall, wann et gemaach gëtt, ech erkläeren mech och bereet beim Opbau ze hellefen... hunn schon déi eng oder aaner Erfahrung mam Start vun enger neier MediaWiki gesammelt ^^ --JimHawk 10:59, 7. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Wikimedia Joresrapport änneren

Intressant Lektür, fir e syntheteschen Iwwerbléck iwwer "dat Grousst Ganzt" ze kréien, wouvunner d'lb-Wiki en Deel ass:

De Rapport annuel vun der Wikimedia-Stëftung fir 2007/08 (en)

--Zinneke 10:18, 7. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Hëllef ! änneren

Wéi laang kucke mir deem (indirekt) nationalisteschen a friemefeindleche Geschreifs vum WeesDuschon am Artikel iwwer de Pierre Peters nach no? Et handelt sech manifest net em eng enzyklopädesch Informatioun déi hie liwwert!
Domadder wëll ech näischt ze dinn hunn. --Cayambe 16:48, 9. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

  • Den Artikel ass elo korrigéiert (Pierre Peters), dat soll awer keen Admin dovunner ofhalen, fir
Nom Motto: Principiis obsta! 19:01, 9. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,
Den Artikel iwwer de Wënzer ass natierlech intressant. Dat léist awer net de Problem vum Artikel iwwer de Pierre Peters (Politiker).
Hu mer Problemer fir iwwer de Rietsextremismus ze schreiwen? Beim Nationalsozialismus hu mer déi anscheinend net.
Hei soll de Benotzer WeesDuSchon gespaart ginn. Ech froe mech firwat? Wat huet dee falsch gemaach? En huet kengem Frechheeten hei gemaach, en huet just eent e bësselche méi kriddlegt Thema ugepaakt.
De Cornischong soll gespaart ginn, well en anscheinend dat Thema intressant fënnt. Wou komme mer drun fir dat ze behaapten. Well en eng Fro zum Artikel gestallt huet, oder firwat? A Firwat däerf een dat Thema Rietsextremismus net intressant fannen? Kuckt iech emol den Artikel an der de:Wiki un. de:Rechtsextremismus
De PDF Fichier gëtt geläscht wa keng Lizenz nogeliwwert gëtt.
Huet een, ausser dem Zinneke sech Gedanke gemaach fir den Artikel an eng eenegermossen enzyklopedesch Form ze bréngen?
Kënne mer net mat den Tatsaache liewen datt et esou Parteien a Bewewunge gëtt?
Gehéieren esou Artikelen wéi iwwer de Peters a seng Bewegung net zum politesche Bild vu Lëtzebuerg?
Datt dem Peters seng Bewegung net National Bewegong heescht ass anscheinend och kengem opgefall.
En Artikel iwwerdem Peters seng Partei ze schreiwen ass natierlech och kengem agefall.
Les Meloures 19:58, 9. Nov. 2008 (UTC)Les Meloures[äntweren]
Gudden Owend, "Qui non obstat quod obstare potest facere videtur" seet de Benotzer Qui non obstat ... no der Spärung vum Principiis obsta! (op 3 Méint gespaart mat der Begrënnung "enbegrënnte Polemik géint Mataarbechter").
Moien
Amplaz hei op der lb:Wiki mat Latäin ronderëm sech ze geheien, wéi wier et mat engem Artikel iwwer´Rechtsextremismus. Domatter wier der lb:Wiki méi gedéngt. Les Meloures 20:48, 9. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech ka mech nëmme wonneren, dass den Benotzer Benotzer:WeesDuschon? riicht viru ka seng rietsextrem Linken an Inhalter publizéieren an dass déi eenzeg Konsequenzen sinn:

  • Admine si permanent gehäit
  • nach intresséiert User kréien de Kéis
  • den Artikel Pierre Peters gett geläscht
    • amplaz dem Zinneke seng exzellent Verioun erem dropzesetzen
    • amplaz eng Homonymie anzebauen, bei där den normale "Pierre Peters" prioritär ugewise gëtt
  • d'Spärren vum Principiis obsta!

Kann en Admin erklären firwat de Benotzer:Principiis obsta! gespart gouf an esou Leit riicht viru därfen hirt Onwiesen dreiwen? Wéini gëtt de Principiis obsta! rehabilitéiert a wéini gi seng proposéiert Konsequenzen ëmgesat? freet de --Qui non obstat ... 13:40, 10. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,
zënter gëschter huet sech de benotzer:WeesDuschon? nët méi gewisen. Seng Ännerunge goufe réckgängeg gemaach. Sollt en nees réckfälleg ginn, gëtt e gespaart. Ech hu meng Versioun vum Peters-Artikel nees dohi gesat, a setzen elo gläich nach eng Homonymie, well et gi méi Leit déi esou heeschen. De LesMeloures, hat, wéi ech et verstanen hunn, de user:Principiis obsta! gespaart, well en aner User ouni Beweiser beschëllegt huet.
Och wann et hei ans do e bëssen hecktesch zougeet: D'Zil vun der Wiki ass et jo, Wëssen ze verbreeden. Mat deem "Geschéck" vu gëscht wësse mer elo e bësse méi iwwer Peters a Konsorten, an et wier gutt, mer géifen nach méi gewuer ginn (Opruff un d'Leit, déi d'Buch "Rechtsextermismus in Luxemburg" vum Lucien Blau bei Hand hunn, d'Artikelen National-Bewegung, Rietsextremismus, emol se bléizen... Et wier schued, wann s de der doduerch d'Flemm giffs andreiwe loossen, ech fannen am Géigendeel, dat fuerdert eraus, de Wikipediaprinzip konsequent auszenotzen an ze weisen, wat seng Virdeeler sinn. Facta et veritas vincent! ;-) --Zinneke 13:53, 10. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Betawiki update änneren

Eng Fro un de Cayambe änneren

Mol eng kloer Fro: Bass du dat, deen hei mat enger Bokemol dem Vollek laténgesch Sätz schreift an oprifft, de Benotzer Cornischong ze spären? Jo oder neen? Mer hunn et, wéi et schéngt, hei mat engem ze dinn, dee sech laanscht eng Äntwert dréckt. Domat dierft dat da kloer sinn. --Cornischong 22:48, 10. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Villmools Merci fir déi kloer Äntwert. Da wësse mer elo Bescheed.--Cornischong 10:12, 14. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Eng Fro un Iech all änneren

Wéini halen déi perséinlech Reiwereinen hei op? Pierrenilles 08:18, 11. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Eng Opfassung zum Kapp an der Sand stiechen änneren

Wa gemengt gëtt, datt Leit op der Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch géifen de Kapp an de Sand stiechen, wéinst engem neie Benotzer dee sech net richteg unzeleeë wees wann en een Artikel wëllt maachen, da verstinn ech d'Welt net méi. Dee wollt sech sou wäit wéi ech gesinn och net weiderhëleffe loossen.

Wann op der Wikipedia net iwwer so Theme geschriwwe géif, dat wier de Kapp an de Sand gestach. Pierrenilles 08:18, 11. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Bokemailer änneren

De Les Meloures huet es elo genuch mat deene Gespenster a Bokemaulsdiskussiounen.

Wann der iech et all iwwerluecht hutt wéini déi Spukdiskussiounen eventuell ophale kéinten, da sot mer Bescheed.

Bis dohinner musst der vun haut un op meng Mathëllef bei der Wiki verzichten.


Les Meloures 10:23, 14. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend,

Elo grad hate mer alt erëm eng Kéier am Artikel Pierre Méchain de Fall, datt beim Afspäicheren, Donneeë vun der Versioun vu virdrun deelweis verluer gaange sinn. Et wier flott wa jiddreen nom Verbessere selwer déi zwou lescht Versioune géif vergläichen, fir ze kucken ob och nëmme just dat afgespäichert gouf wat hie wollt verbesseren. Dat ka vill Aarbecht spueren. Les Meloures 00:10, 19. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Life huet seng Archiver opgemat a mat Google kann een elo no allen historesche Biller sichen (zwar just nc wéi et op deen éischte Bléck ausgesäit). --Otets 18:45, 19. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Artikel Denise Bindschedler-Robert änneren

Moien,

Ech erlabe mer emol fir hei d'Administratueren ze froen wéi laang datt Där dem Benotzer Cornischong senge Kommentären op der Wikipedia nach nokucke wëllt.

Kuckt w.e.g. dozou och meng Bemierkung op senger Diskussiounssäit

Pierrenilles 11:20, 22. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Da ka bei gläicher Geleeënheet een deem Här erklären, datt Sätz wéi "Aus der Däitscher Wikipedia déi follgend Quellen ugëtt:" a kenger Wikipedia ubruecht sinn. @Pierrenilles: Bokemoolstheater kënnt net bei jidderengem un. Mir verstinn eis. E schéinen Dag nach. --Cornischong 11:42, 22. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,

Kann de Cornischong mir vläicht erkläre war et mat dem Bokemoolstheater mengt. . Da behaat en och nach: Mir verstinn eis.

Ech verstinn do guer näischt. Ass mäi Benotzernumm net gutt. E besteet elo zënter Dezember 2006, an et hat bis op de Cornischong nach kee Mënsch eppes drun auszesetzen.

Bei menger Umeldung hunn ech och eng E-mailadress uginn, iwwer déi ech privat z'erreeche sinn.

Wéi ech mäi Benotzernumm ugeluecht hunn stoung neirens ze liesen datt ech meng Telefonsnummer an den Alter vu menger Schwéiermamm misst uginn. Wann een a menge Kontributioune kuckt, fënnt och jidderee liicht eraus, datt ech bis elo méi oder wéineger onreegelméisseg aktiv war. D'Ursaach dofir ass privater Natur, an ech mengen et ass och net verlaangt datt ech doriwwer Rechenschaft hei muss ofleeën.

Ass net jiddereen eng Bokemool hei. Ech kenne kenne perséinlech keen hei, hunn och nach op kenger Benotzersäit op der Lëtzebuerger Wikipedia iergendengem seng Biographie, oder seng Foto gesinn.

De Benotzernumm ass jo wann ech et richteg verstanen hunn extra dofir do fir datt een anonym soll bleiwen.

Wa mäi Benotzernumm awer iergendengem net sollt gefalen, da brauch en dat nëmmen ze soen, an ech siche mer een aneren. Déi Méiglechkeet besteet jo wann ech den heite Saz dee beim An- an Ausloggen ze liesen ass, richteg interpretéieren.

Dir kënnt Wikipedia elo anonym benotzen, oder Iech nach eemol umellen als deeselwechten oder en anere Benotzer. Opgepasst: Op verschiddene Säite gesäit et nach esou aus, wéi wann Dir nach ugemellt wiert, bis Dir ärem Browser seng Cache eidel maacht.

Pierrenilles 07:47, 23. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Eroplueden oder awer vläicht net änneren

Ech setzen dem Benotzer Guy , deen e Bild eropluede wollt, a gesot krut, hien hätt keng Rechter dozou, mol heihinner. Vläicht këmmert sech e Responsablen drëm.
"Salut alleguer, ech hunn "Net genuch Rechter". Dowéinst fannen ech bestëmmt och lénks kee Knäppchen "Eroplueden", an och keen "Dësem Benotzer eng E-mail schékken". Wéi kann ech iech de Logo dann elo schékken? BG, Guy" --Cornischong 14:20, 29. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,
Déi Fro vum Benotzer Guy gouf op dem Cornischong senger Diskussiounssäit um 13:55 Auer gestallt.
Ech hunn um 11:14 deemno zwouanenghallef Stonn virdrunn dem Benotzer Guy op senger Diskussiounssäit erklärt firwat et net geet. Wann en dat net verstanen huet firwat freet en de Cornischong. Deen dréckt et dann op e Responsablen.
Ween ass dann e Responsabelen op der Wikipedia. Déi Zäit wéi ech nach net Admin war hat ech déi Fro vun de Responsbelen eng Kéier opgeworf. Deemols krut ech vun engem deemolege Bürokrat g'äntwert, et géife keng Responsabel op der Wikipedia. Deen anere Bürokrat, déi aner Adminnen a Benotzer vun där Zäit hunn déi Ausso deemols net kontestéiert. Ech kann deemno nëmmen dervun ausgoen datt déi Ausso richteg war. Firwat freet elo de Cornischong deen déizäit och Bürokrat an Admin war elo no engem Responsablen?
Fir trotzdeem weider ze kommen froen ech dann elo mol de Benotzer Guy bei waterenger Aktioun en dee Message Net genuch Rechter ugewise kritt. Les Meloures 14:56, 29. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Ech hunn elo mol d'Säit Registéiert Benotzer ugeluecht, fir datt jiddereen deen de Message Net Genuch Rechter kritt, kann iwwer dee Link gewuer ginn wéini datt seng Rechter a Kraaft trieden.
Mat Responsabilitéit huet dat awer näischt ze dinn, dat huet just eppes mat positif matschaffen ze dinn.!! Les Meloures 15:26, 29. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
De Message "Net genuch Rechter" koum esou: op der Kommunautéitssäit bei Regelen "Iwwert d'Benotze vu Biller" ugeklickt, duerno "Spezialsäit eroplueden".
Wann ee nei ass, ass et net esou einfach, sech an all dene Verästelungen erëmzefannen. Datt ech elo och scho meng eegen(?) Diskussiounssäit hunn, war mer net bewosst. Ech hunn einfach bei "Rezent Ännerungen" gekuckt, wee grad online war, an deen ugeschwat. Méi spéit hunn ech dunn nach eng Kéier nogehaakt.
Iwwregens hunn ech ganz am Ufank emol fir d'éischt bei "Nei op Wikipedia" op "eng Fro stellen" geklickt. Do konnt ech zwar all méiglech Äntwerten op gestallte Froë liesen, awer selwer keng Fro stellen.
Bescht Gréiss, Guy.


Merci fir d'Info, et ass och iwwer dee Wee wéi ech déi Meldung erëmfonnt hunn. Et misst jo lo awer verständlech sinn . MfG Les Meloures 19:24, 29. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Fett Eifeler änneren

"Keng Iwwereneestëmmungen mat Säitentitelen" liesen ech op der "Resultat vun der Sich"-Säit. --Cornischong 13:42, 30. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Dat ass elo schonn op der Betawiki geännert a gëtt bäi der nächster Aktualisatioun vun der MediaWiki-Software hei automatesh geännert. Also just e bëse Gedold w.e.g. --Robby 13:58, 30. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]