Wikipedia:De Staminee/Archiv2007/Abrëll

Wiki op Letzbuergesch änneren

Scheinen Owend,

Ech sinn nach ganz nei hei, an ech hunn eng kleng Fro wou kann een den Source vum LanguageLB.php an MessagesLB.php fannen, ech sichen schons de ganzen Owend op Wiki Saiten, an kreien leider naischt gescheites op d'Reih...... (Ech wollt naemlech matt Hellef vun Mediawiki eng Firmenintern Wiki ariichten, mais ech well op keen Fall eis schein Sprooch lenks leien loossen
--Henrychinaski 21:35, 2 Abrëll 2007 (UTC)

All eis Message sinn hei ze fannen: Special:Allmessages. --βρισεισDisk 08:40, 3 Abrëll 2007 (UTC)

Portaler änneren

Et ass gutt, datt sech e puer daper Mataarbechter hanner d'Portaler gesat hunn. Wéi néideg déi Portaler waren, gesi mer am beschten dorun, datt et net evident ass, all Artikelen zu engem Thema iwwerhaapt erëmzefannen. Wann ech d' WWII-Portal (ass dat net Englesch? Firwat net "ZW"?) gesinn, da gëtt et mer e bëssen Angscht. Dat wierkt elo schonns iwwerlueden. Nach 5.000 Schluechten, an et platzt aus allen Néit. Wou sinn d'Pefferkären? An: Watfir Portaler sinn nach néideg? --Cornischong 12:32, 4 Abrëll 2007 (UTC)

Zu Denger 2. Fro: "Europäesch Unioun" wier e Wonschkandidat. --Zinneke 13:40, 4 Abrëll 2007 (UTC)
Portal:EU et voilà. --βρισεισDisk 01:32, 11 Abrëll 2007 (UTC)
Grazie mille! --Zinneke 07:55, 11 Abrëll 2007 (UTC)

Luxembourgish language ob en.wikipedia änneren

Kéint een dee besser Lëtzebuergesch schreiwt wéi ech e kuerze Bléck ob deen Artikel an speziell déi Sektioun an der englescher Wikipedia werfen a wann néideg d'Schreiwfehler etc. korrigéieren? Ennert aanerem méngen ech dass Gudden Muergen wuel Gudde Moien geschriwwe gëtt. Mee wéi déi meecht woul wesse sinn ech eng total Null am Lëtzebuergesch schreiwen.--Caranorn 21:36, 6 Abrëll 2007 (UTC)

Duebel Kategorie änneren

Ech hunn elo gra bemierkt dat mir follgend 2 Kategorien hunn, déi sech verdammt ähnelen:

An elo hunn ech eng Fro un eis Kategorien- respektiv Sproochexperten: Watfir eng solle mir behalen? Robby 14:13, 8 Abrëll 2007 (UTC)

Moie Robby. Eisen Artikel heescht Urbanismus, dofir hätte mer besser, mer nennen d'Kategorie och esou. --Cornischong 15:33, 8 Abrëll 2007 (UTC)

Gudde Moien
Schléisse mech un déi Iwwerleeung unn a maachen den Urbanissem eidel. ~~

Doutstellreflexer änneren

Kéint emol een (deen Anung huet) am lénkse Bord an der "Navigatioun"-Këschtchen de Link op "Aktualitéit" eraushuelen an en ersetzen duerch e Link op Wikipedia:Portaler. Dann hätte mer mol endlech op ALL Säit d'Méiglechkeet, direkt op d'Portaler-Säit ze kommen, wat elo nach ëmmer net de Fall ass. Merci. --Cornischong 22:27, 16 Abrëll 2007 (UTC)

Ass geännert. --βρισεισDisk 02:22, 17 Abrëll 2007 (UTC)

Op der Sich no den Ouerenduckeren an den Déckkappsminnen änneren

Lo kënnt een an "eis" Wikipedia, an e wëll wëssen, wat fir e Gedéiesch mer do lafen, schwammen oder fléien hunn. E fänkt logescherweis op der Haaptsäit un. Do fënnt déi Persoun hiert Stéchwuert "Zoologie". Se klickt drop a se lant beim Artikel Zoologie. An deem fënnt se zwee Linken: Déieren, dat rout geschriwwen ass, an e Link op den Artikel Déierewelt. Am Artikel Déierewelt kritt déi Persoun eng Blimmchen ze gesinn, déi hir seet: "Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz." Awer do steet nach méi: Do steet "An dësem Artikel geet et ëm d'Déierewelt." Wien hätt dat geduecht? An dann: "Fir aner Begrëffer mam Numm Fauna, kuckt w.e.g. ..." Dat heescht, datt et nach aner (aner !??) Begrëffer gëtt, déi den Numm Fauna droen. Et geet weider: kuckt w.e.g. "Fauna (Associatioun)." Natierlech klickt déi Persoun op dee Link, se wëll jo schliisslech weiderkommen mat den Déieren. Se lant am Artikel iwwer Société des naturalistes luxembourgeois. Mee elo mol zum "Text" vum Déierewelt-Artikel: Hei den integralen Text: "D'Déierewelt oder Fauna ass en allgemengt Wuert fir all Déierenaarten vun eiser Äerd ze nennen." Fir dee Saz goufen iwwregens 17 Edite gemaach! An domat ass eisem Gaascht säin Trëppeltour duerch d'Wiki-Déierewelt eriwwer. Oder dach? --Cornischong 08:12, 15 Abrëll 2007 (UTC)

Ech hunn den Artikel Déierewelt emol iwwerschafft. Mee de ganze Biologiesrayon ass bis op Iwwersetzunge leider guer net menges, ech hunn do ganz wéineg Ahnung dervunn :) --βρισεισDisk 02:18, 17 Abrëll 2007 (UTC)

Ech maache kengem Mënsch e Virworf datt en eng Märel net vun engem Kueb ënnerscheede kann, mee datt een, dee sech an D'Wikipedia erantraut, "esou" mam Nuesrank virgefouert gëtt, dat ass scho schlëmm genuch. Allerdéngs sinn ech frou, datt "déi Saach mat der Portaler" amgaangen ass, unzerullen.

Doriwwer wier sech emol Gedanken ze maachen änneren

Dat ass flott. Merci. Wat awer ze bedaueren ass: Eis Gebrauchsanwendunge sinn net grad "op der Héicht". De Problem ass deen hei: Wann "eppes Exotesches" ze maachen ass, da fënnt een och nach no enger Zäitchen een, deen engem dat an d'Rei mécht, mee et fënnt ee "kaum een", deen dem Vollek "erklärt", wéi dat gemaach gëtt. Doriwwer wier sech emol Gedanken ze maachen, fir et duerch d'Blumm ze soen. --Cornischong 06:35, 17 Abrëll 2007 (UTC)

Wiki op Lëtzebuergesch änneren

Als al Member vun der Actioun Lëtzebuergesch (haut wunnen ech ze Dänemark), huet et mech gefreet - an iwwerrascht - Wikipedia och op Lëtzebuergesch ze fannen! Ech sin nei am Wiki, awer esoubal ech erausfannen ewéi en en Artikel schreift, wärden ech probéiren. Änder Engelhardt/19.04.07.

Hej!
D'Schreiwen ass ganz einfach; Du wäers gesinn, du kriss gären ënnert d'Äerm gegraff, wat d'Formatéieren a soss technesch "Gedéngels" ugeet - dat ass am Ufank ëmmer e bëssen ongewinnt mee maach Der do kee Kapp. Dat Einfachst ass, Du kucks Der emol Artikelen zum Thema un, dat Dech intresséiert; en Abléck, wat et hei esou gëtt, fënns d'iwwer d'Portaler, d'Lëscht mat den neien Artikelen oder duerch d'Sichen, am beschten iwwert "auswäerteg" Sichmaschinnen.
Deemno: Vill Spaass, an zéck net!
--Zinneke 14:08, 19 Abrëll 2007 (UTC)


Triviales änneren

Gudde Moien

Triviales ass eng Iwwerschrëft vu Kapitelen déi mer an ongeféier a 44 Artikele stoen hunn. Am Larousse en 3 volumes vun 1966 steet als Explicatioun (ech zitéieren den Originaltext op franséisch) : ce qui est grossier, trop libre, contraire aux bienséances. Wann déi Définitioun esou sollt richteg sinn, da fannen ech déi Iwwerschrëft falsch op der Plaz. Et gëtt awer och nach vläicht an aner gescheite Bicher aner Definitiounen. Ech loosse mech gär beléieren.

Les Meloures 00:18, 21 Abrëll 2007 (UTC)

Fir d'éischt emol den
  • DUDEN Deutsches Universalwörterbuch : "tri|vi|al <Adj.> [frz. trivial < lat. trivialis= jedermann zugänglich, allgemein bekannt, zu: trivium, Trivium] (bildungsspr.): a) im Ideengehalt, gedanklich, künstlerisch recht unbedeutend, durchschnittlich; platt, abgedroschen: -e Gedanken, Bemerkungen, Worte, Weisheiten, Thesen; etw. t. finden; b) alltäglich, gewöhnlich; nichts Auffälliges aufweisend: ein ganz -es Menü; eine Beamtenlaufbahn einzuschlagen erschien ihr allzu t."
  • De WAHRIG: (Extr.) gewöhnlich, ohne wertvollen Gehalt; platt; abgedroschen, bis zum Überdruss bekannt, seicht.
  • Den Trésor de la langue française, deen iwwer eng Säit driwwer huet: "courant" en parlant d'une idée: "qui par sa fréquence est devenu banal, ordinaire, n'a plus aucune originalité. "péjoratif": (!!!!) qui manque de distinction, d'élégance.
  • Den Ausdrock "Triviallitteratur", fir deen et kee Synonym gëtt, erklärt de Gebrauch vun dem Sënn wuel am beschten.
  • An der de-Wikipedia ass ënner "Trivialität" an "Trivia" (mat enger ganz léiwer Iddi vum Isaak Asimov) de Gebrauch zimmlech iwwersiichtlech erklärt.
  • Do steet och eppes iwwer de Gebrauch am Engleschen! z.B. „Trivial Pursuit"
  • An do geet d'Ried iwwer de Gebrauch an der Mathematik.
  • De Larousse en trois volumes, deen ech selwer hunn, ass also net grad e Modell vu "Wörterbuch", fir dat en och net geduecht war.

--Cornischong 07:40, 21 Abrëll 2007 (UTC)

Nopeschgemenge vun den Nopeschgemengen änneren

Wa mer näischt iwwer eng franséisch oder eng aner -lännesch Gemeng uginn, ausser datt se Nopeschgemengen huet, da wierkt dat e "bësse speziell". Just, domatter soe mer näischt iwwer déi Gemeng selwer aus. --Cornischong 08:24, 21 Abrëll 2007 (UTC)

Déi Maarteldenger Moschwieren änneren

Mer hunn e Problem mat Maarteleng. An deen Artikel gëtt alles agepaakt, dat iergenwéi mat Maartel, Martelange (Belsch) a Roumich ze dinn huet. Wier et net ubruecht, dat belscht Martelange och "Martelange" ze nennen, an dat lëtzebuergescht wéinegstens "Maartel", soss ginn nach déi dronken, déi et nach net sinn? Wat seet d'Vollek? --Cornischong 15:03, 23 Abrëll 2007 (UTC)

Ass an der Rei. --Cornischong 17:14, 24 Abrëll 2007 (UTC)

Kiermesgäscht änneren

Ofgesi vun enger Partie Spammeren an aner Emmerdeuren trëppelen hei Leit iwwer d'Bühn, bei deenen ech mer munneg Froe stellen. Huet vläicht ee verstanen wat de User:ReyBrujo mat sengem User:ReyBrujo/Dumps oder mat User:ReyBrujo/Dumps/20070419 hei wëll vun Analyse maachen? "Dëse Benotzer versteet kee Lëtzebuergesch, oder just mat grousse Schwieregkeeten." --Cornischong 07:38, 27 Abrëll 2007 (UTC)

Dëse Benotzer versteet awer perfekt englesch, wann een dat wat op senger User-Säit steet, gleewe kann. Et kinnt een, dee besser englesch kann ewéi ech, de ReyBrujo jo mol op englesch froe wat hien wëlles huet. --Pecalux 08:03, 27 Abrëll 2007 (UTC)
Moien,
Sou wéi ech et verstinn, besteet deem säint doranner, fir un Hand vu bestëmmte Parametere Säiten z'identifizéeiren, op deenen "iwwerproportional" vill Linken no bausse sinn, an déi en Indiz si kéinten, datt do monter Reklammslinken deponéiert ginn. An anere Wierder: en hëlleft, iwwerflësseg Linken méi einfach z'identifizéieren. D'Botz muss awer weider vun Hand gemaach ginn. An eisem Fall, wou mer, mengen ech, en zimmlecht gutt A op anonym IPen oder nei Useren hunn, déi just e Link setzen an dann nees verschwannen, ass dat net esou akut wéi an anerer Wikien.

--Zinneke 08:08, 27 Abrëll 2007 (UTC)


E Server wéi eng Saibecken änneren

Zënter annerhallef Stonn ass et mer e puer Mol virkomm, datt beim Ofspäicheren den Text fleete war. Huet nach een dat materlieft? --Cornischong 23:35, 27 Abrëll 2007 (UTC)

Ass d'Wikipedia e Katztrach? änneren

Den Artikel Unspoken Logic gouf hei eragesat ouni datt ee vun den Erasetzer awer och nëmmen ee Bléck op d'Wikipedia:Eis Schreifweis gehäit huet. D'Fotoe goufen eropgelueden, ouni datt awer och een eenzege Bléck op den Text (dee kloer an däitlech ass!) op der Eropluedsäit gehäit gouf! Nodeems ech deem, dee sech fir d'lescht ëm d'Biller gekëmmert huet, e Kommentar op seng Diskussiounssäit gesat hat, krut ech keng Äntwert. Lo geet et mär mat deem Analpabetismuskult duer! Wa bis haut de Mëtteg 12 Auer d'Biller keng Lizenz hunn, fléie se eraus. A vu menger Säit ass dat deen allerleschten Artikel bei deem 10 Feeler an engem Saz duerchgoe gelooss ginn. Datt kee schreiwe kann ass eng Saach, datt kee liese wëll ass eng aner. Dat fänkt un, ze domm ze ginn. War dëst däitlech genuch? --Cornischong 07:48, 28 Abrëll 2007 (UTC)

Méi Emmerdeure wéi Adminen änneren

Et dreiwe sech a leschter Zäit aussergewéinlech vill Vandalen hei erëm, déi deelweis topeg an zum Deel ganz hannerlëschtege Vandalismus bedreiwen. Bis op zwéin, sinn awer keng Adminen hei ze gesinn, déi sech ëm déi Fäll këmmere wëllen. Mat der Zäit sinn ech zu der Meenung komm, datt déi Adminen, deenen et zevill ass, sech HEIANSDO mol ëm de Redressement vu Vandalismus an d'Späre vun de "Béisen" ze këmmeren, besser hätten, se géifen hir Adminkap zréck. Et wäert deene bestëmmt näischt ausmaachen, hir Artikelaarbecht "esou" ze maachen. Datt hei ee figuréiert, deen Admin ass an all puer Méint kuerz opdaucht, ass keen Zeeche fir en normale Funktionnement vun enger Wikipedia.--Cornischong 07:32, 30 Abrëll 2007 (UTC)

Een Admin ass bis moar den Owend zu Barcelona, an er'eischt dann nees um Dill. Hasta luego, Z.

Da wënschen ech deem eng voll Batterie an en eidele Späicher. --Cornischong 07:36, 30 Abrëll 2007 (UTC)
Re-Moien,

Nees aus dem verreentene Katalounien an de Summer nërdlech vun der Loire zeréck, wollt ech nach eng Kéier op d'Vandalen-Iwwerwaachen zeréckkommen. Et ass effektiv esou, dass mer zu net genuch Adminne sinn, fir eng 24/24 Stonne-Surveillance ze hunn. Amplaz "Adminkapen zeréckzefuerderen" giff ech et awer méi produktiv fannen, der nach e puer ze verdeelen. Am November zejoert hat ech eng Kéier en Opruff gemaach, deen awer ausser engem Folklorist an engem Mataarbechter, dee just ganz sporadesch aktiv ass, keng Kandidaturen abruecht huet.

Falls also ënnert de reegelméissege Mataarbechter der wären, déi näischt dergéint hunn, eng Zousazfunctioun ze kréien, déi et erlaabt, Spammerten, Toperten oder soss Vandalen séier a praktesch d'Handwierk kënnen ze leeën, kënnen se gär hir Kandidatur op der Säit Wikipedia:Adminkandidaturen stellen.

--Zinneke 10:31, 2 Mee 2007 (UTC)

Meng Suivi-Lëscht änneren

Zënter e puer Deeg steet an der alleréischter Zeil ewell "My watchlist", wou fréier ëmmer "Meng Suivi-Lëscht" stung. Ka vläicht e Spezialist, wann en Zäit huet, dat verbesseren? --Pecalux 10:12, 30 Abrëll 2007 (UTC)

Gudde Mëtteg. Dat sinn d'Kolike vum Server. Heiansdo stinn d'Wierder an der Navigatiounskëschtchen och op Englesch do. Dat vergeet. --Cornischong 10:23, 30 Abrëll 2007 (UTC)

Minusculen: méiglech oder net? änneren

Wa mer hei als Lemma e Wuert agi mat engem klenge Buschtaf vir, kréie mer dat refuséiert mat engem Link op d'de-Wiki "Wikipedia:Liste der Artikel, deren korrekter Titel von MediaWiki nicht erlaubt wird". Wann ech de Lemma "pardon (Zeitschrift)" an der de-Wiki gesinn, deen et do wuel gëtt, verstinn ech dat Ganzt net. Wéi dat dann do? --Cornischong 07:22, 28 Abrëll 2007 (UTC)

déi däitsch Wikipedianer hunn dofir een Template gebastelt deen Korrekter Titel heescht an deen erlaabt deProblem ze ëmscheffen. (ech hunn leider elo keng Zäit fir mir dat elo méi genee unzekucken). --Robby 07:36, 28 Abrëll 2007 (UTC)
Merci Robby. Da wäerte mer nach drop zréckkommen. --Cornischong 07:50, 28 Abrëll 2007 (UTC)