Westerbork ass en Duerf an der hollännescher Gemeng Midden-Drenthe, an der Provënz Drenthe.

Virun den Antennen d'Erënnerungsmonument un déi Deportéiert

Ongeféier 7 Kilometer nërdlech vun der Gemeng stoung am Zweete Weltkrich d'Duerchgangslager Westerbork, ee KZ-Sammellager, vun deem aus iwwer 100.000 Judden, Sinti a Roma an d'Konzentratiounslager deportéiert goufen. Ënner hinne war och d'Anne Frank. D'Lager war schonn an der Zäit virun der däitscher Invasioun ageriicht – ufanks geduecht als Opfanglager fir jiddesch Flüchtlingen aus dem nationalsozialisteschen Däitschland, fir hinne mat engem provisoreschen Heem, Waasser a Liewensmëttel ze hëllefen. Den Däitsche koum dëst zupaass, se hunn d'Lager mat sengen Awunner praktesch iwwerholl a sengem neien Zweck zougefouert.

Radioteleskop

änneren
 
Westerbork Syntheese-Radioteleskop
 
Westerbork Syntheese-Radioteleskop

Net wäit vu Westerbork steet de Westerbork Synthees-Radiosobservatoire (WSRT), mat senge véierzéng 25 Meter grousse Parabolantennen, vun deenen der e puer verréckelt kënne ginn. Vun dëse Radioteleskope sinn 10 Antenne festmontéiert, wärend der zwou um ëstlechen Enn vun der Rei op Schinne beweegt kënne ginn. 1,4 Kilometer ëstlech dovun, steet eng zweet Koppel beweeglech Schosselen.

Literatur

änneren
  • D'astronomesch Anlage souwéi d'Lager spillen am Harry Mulisch sengem Erfollegsroman Die Entdeckung des Himmels eng wichteg Roll.
  • Pflock, Andreas; Auf vergessenen Spuren. Ein Wegweiser zu Gedenkstätten in den Niederlanden, Belgien und Luxemburg, erausgi vun der Bundeszentrale für politische Bildung, Bonn 2006

Um Spaweck

änneren
Commons: Westerbork – Biller, Videoen oder Audiodateien