Den Harry Mulisch, gebuer den 29. Juli 1927 zu Haarlem a gestuerwen den 30. Oktober 2010[1] zu Amsterdam, war en hollännesche Schrëftsteller, deen zu de wichtegsten hollänneschen Nokrichs-Romanciere gezielt gëtt.

Harry Mulisch
Gebuer 29. Juli 1927
Haarlem
Gestuerwen 30. Oktober 2010
Amsterdam
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Romancier, Dichter, Dramatiker, Essayist, Schrëftsteller, Dréibuchauteur
Mamm Alice Schwarz

Säi Papp war en Austro-Ungar, deen nom éischte Weltkrich an Holland ausgewandert war, bei enger Bank geschafft huet, an deen nom Zweete Weltkrich zu 3 Joer Internéierungslager wéinst Kollaboratioun verurteelt gouf. Seng Mamm war eng Jiddin vun Antwerpen, Duechter vun engem däitsche Banquier. Wéinst sengem Papp a senge gudde Relatioune mat den Däitsche Besatzer blouf hir an hirem Bouf Harry d'Deportatioun an e KZ erspuert. Spéider sot den Harry Mulisch vu sech selwer: "Ech sinn den Zweete Weltkrich".

Sou ass den Zweete Weltkrich dann och en Theema dat ëmmer nees am Mulisch sengem Wierk opgegraff gouf. 1963 huet hien z. B. en Essay iwwer den Adolf Eichmann geschriwwen. Aner Romaner, déi zu där Zäit spillen, sinn De aanslag (1982; fr: "L'attentat"), Het stenen bruidsbed (1959; fr: "Les noces de pierre"), a Siegfried. Een zwarte idylle (2000; fr: "Siegfried, une idylle noire"). Och Legenden a mythologesch Theemen huet hie gär opgegraff a verschafft, wéi z. B. déi jiddesch Mythologie a sengem bekanntste Roman, De ontdekking van de hemel (1992, de: "Die Entdeckung des Himmels", fr: "La découverte du ciel").

De aanslag an De ontdekking van de hemel goufen allebéid verfilmt.

De Mulisch gouf mat enger Hellewull Präisser ausgezeechent, dorënner de Constantijn Huygensprijs an de P.C. Hooftprijs (allen zwéin 1977), an de Prijs der Nederlandse Letteren (1995).

Referenzen änneren

  1. Mort de Mulisch, (nl) NU.nl

Um Spaweck änneren

Commons: Harry Mulisch – Biller, Videoen oder Audiodateien