Haaptmenü opmaachen
De Werner Faymann (2015).

De Werner Faymann, gebuer de 4. Mee 1960 zu Wien, ass en éisträichesche Politiker (SPÖ). Hie war zënter dem 8. August 2008 nationale Parteipresident vun der SPÖ an zënter dem 2. Dezember 2008 éisträichesche Bundeskanzler. Den 9. Mee 2016 ass hie vu béide Functiounen no parteiinternen Differenzen zréckgetrueden..[1]

Virdrun hat hie verschidde Fonctiounen an an der Administratioun vun der Stad Wien, resp. vu Gesellschaften an hirem Ëmkrees. Am Januar 2007 gouf en Infrastrukturminister ënner dem Bundeskanzler Alfred Gusenbauer.

No de Parlamentswalen (Nationalratswahl) koum et, wéi virdrun, zu enger Grousser Koalitioun vun SPÖ a konservativer ÖVP, an de Werner Faymann gouf Bundeskanzler. Dës Grouss Koalitioun gouf no de Wale vum September 2014, de 16. Dezember 2014 weidergeféiert, mat weiderhin dem Faymann un der Spëtzt.

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren