Weisten
Weisten ass eng Uertschaft an der Gemeng Burg-Reuland am Südoste vun der Provënz Léck un der däitscher a lëtzebuergescher Grenz a gehéiert zur däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.
Weisten | |
---|---|
Bréck iwwer déi fréier Eisebunnsstreck zu Weisten | |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Däitsch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Verviers |
Gemeng | Burg-Reuland |
Koordinaten |
50° 12’ 08.84’’ N 06° 05’ 39.61’’ O |
Telefonszon | 080 |
Postcode | 4791 |
D'Awunnerzuel ass 54.
Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 huet Weisten zu der fréierer Gemeng Thommen gehéiert.
Eisebunnsbréck
ännerenWann ee vu Braunlauf op Weisten fiert muss en iwwer eng schmuel Eisebunnsbréck fueren, déi mat Pawee gedeckt ass. Dës Bréck féiert iwwer déi fréier SNCB Linn 163.
Um Spaweck
ännerenCommons: Weisten – Biller, Videoen oder Audiodateien |