Wax Luxembourg war e Blog, deen iwwer d'Aktualitéit an der lëtzebuergescher Musekszeen informéiert huet. E war op Franséisch an huet d'Lieser iwwer alles um Lafende gehalen, wat iergendwéi mat Musek vun an aus Lëtzebuerg ze dinn huet, dorënner Concerten, Museksclipper an Albumverëffentlechungen. Wax Luxembourg war net op e bestëmmte Museksgenre spezialiséiert.

D'Logo vu Wax Luxembourg

All Grupp, Sänger oder Museker konnt sech bei der Säit melle fir datt hir Aktualitéit um Blog erschéngt.

Den éischten Artikel ass den 20. Januar 2012 gepost ginn.[1] Am éischten Trimester goufen 300 Artikelen publizéiert an d'Säit 15.000 Mol ofgeruff.[2] Scho Mëtt 2012 huet de Blog awer erëm opgehalen z'existéieren.

An engem Interview op RTL Télé Lëtzebuerg sot der Säit hire Grënner, de Benoît Bail, hiren Numm géif dohier kommen well "Wax" dat englescht Wuert fir eng Vinylsplack ass.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. waxluxembourg.com: Le reseau music:LX fait peau neuve (20. Januar 2012; gekuckt de 16. Juni 2012)
  2. Luxuriant: L'actualité musicale luxembourgeoise porte maintenant un nom: WAX (20. Abrëll 2012; gekuckt de 16. Juni 2012)
  3. YouTube: WAX Luxembourg sur RTL dans l'émission "20Vir" - 16/05/2012 (16; Mee 2012; gekuckt de 16. Juni 2012)