Waremme, op Wallounesch Wareme, ass eng belsch Stad a Gemeng an der Provënz Léck.

Waremme
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Waremme
Awunner 15.168 (1. Januar 2018)
Fläch 3 104
Koordinaten 50° 41’ 53’’ N
      05° 14’ 57’’ O
Telefonszon 019
Postcode 4300
Websäit https://www.waremme.be/

Geographie änneren

D'Stad läit an der Hesbaye op den Uwänner vum klenge Floss Geer. Iwwer 70 % vun der Fläch gi landwirtschaflech exploitéiert, haaptsächlech mat Kärenubau a mat Zockerrommelen.

Geschicht änneren

Waremme war eng vun den 23 Bonnes villes liégeoises.

Déi haiteg Gemeng Waremme ass 1970 duerch d'Fusioun vu Waremme mat Bettincourt, Bleret, Bovenistier, Grand-Axhe, Lantremange an Oleye entstanen.

Wopen änneren

De Wopen deen d'Stad 1863 accordéiert krut baséiert op engem Sigel dee schonn den 12. Juli 1600 op engem Bréif erëmzefannen ass an deen d'Stad deemools dem Prënzbëschof vu Léck geschéckt hat.
D'Blasonnéierung ass follgend: D'argent au châtel de gueules, maçonné de sable,à trois tours couvertes d'azur, girouettées de même.
De Gemengendekret ass vum 30.10.1861. - den Arrêté royal ass vum 10.07.1863 an d'Publikatioun am Moniteur belge war de 14.07.1863.

Jumelagen änneren