Wangari Maathai

kenyanesch Wëssenschaftlerin, Aktivistin a Friddensnobelpräisdréierin

D'Wangari Muta Mary Jo Maathai, gebuer den 1. Abrëll 1940, a gestuerwen de 25. September 2011, war eng kenyanesch Wëssenschaftlerin, déi sech fir Ëmwelt an och op politeschem Plang engagéiert huet. Si huet an den USA op der Mount St. Scholastica Universitéit an op der University of Pittsburgh, an am Kenya op der University of Nairobi studéiert. An den 1970er Joren huet si de Green Belt Movement gegrënnt, eng Netregierungsorganisatioun am Ëmweltberäich, déi als Zil huet, Beem ze planzen, d'Ëmwelt z'erhalen a Fraerechter ze stäerken.

Wangari Maathai
Gebuertsnumm Wangarĩ Muta
Gebuer 1. Abrëll 1940
Gestuerwen 25. September 2011
Nairobi
Doudesursaach Eeërstackkriibs
Nationalitéit Kenia
Educatioun University of Pittsburgh,
Justus-Liebig-Universität Gießen,
Universitéit vu München
Aktivitéit Biolog, Enseignant, Veterinär, Politiker, Ëmweltaktivist, Aktivist
Member vun Alpha Kappa Alpha

1986 krut si dofir de Right Livelihood Award, an 2004, als éischt afrikanesch Fra de Friddensnobelpräis fir "hir Kontributioun zu Nohalteger Entwécklung, Demokratie a Fridden". D'Wangarai Maathai gouf an d'Kenyanescht Parlament gewielt, a war Delegéiert Ministesch fir Ëmwelt an Natierlech Ressourcen an der Regierung vum President Mwai Kibaki tëscht Januar 2003 an November 2005.

Wierker

änneren
  • The Green Belt Movement: sharing the approach and the experience (1985)
  • The bottom is heavy too: even with the Green Belt Movement: the Fifth Edinburgh Medal Address (1994)
  • Bottle-necks of development in Africa (1995)
  • The Canopy of Hope: My Life Campaigning for Africa, Women, and the Environment (2002)
  • Unbowed: A Memoir (2006)
  • Reclaiming rights and resources women, poverty and environment (2007)
  • Rainwater Harvesting (2008)
  • State of the world's minorities 2008: events of 2007 (2008)
  • The Challenge for Africa (2009)
  • Replenishing the Earth (2010) ISBN 9780307591142

Um Spaweck

änneren
Commons: Wangari Maathai – Biller, Videoen oder Audiodateien