Waasserschutzpolizeistatioun Tréier

Den Déngschtberäich vun der Waasserschutzpolizeistatioun Tréier ëmfaasst d'Musel vum Kilometer 232,290 bis 165,500, vun der Uertschaft Palzem bis Detzem, dobäi och d'Landesgrenz zum Saarland. Dozou gehéiert och d'Kondominium "Däitschland - Lëtzebuerg" vum Muselkilometer 205,870 bis 232,290 iwwer déi ganz Waasserfläch vun der Musel mat Ausnam vun de Schleisebauwierker.

Däitscht Waasserschutzpolizeipatrulleschëff WSP 12 vu Mainz op der Musel bei Stadbriedemes vun der lëtzebuergescher Säit aus gesinn.

Doriwwer eraus ass d'Statioun vun Tréier responsabel fir d'Saar vum Kilometer 27,180 bis 0,000.

D'Waasserschutzpolizeistatioun Tréier ënnersteet dem Wasserschutzpolizeiamt Rheinland-Pfalz zu Mainz.