W (Film 2003)

Film vum Luc Feit (2003)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kuerzfilm W. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. W (Homonymie).

W, och nach Double You genannt, ass e Kuerzfilm vum lëtzebuergesche Schauspiller a Regisseur Luc Feit aus dem Joer 2003.

W
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Frankräich
Première 2003
Dauer 13 min.
Format 1,85:1
Filmformat 35 mm
Originalsprooch ouni Dialog
Ekipp
Regie Luc Feit
Fotografie William Watterlot
Musek André Mergenthaler
Schnëtt Ana Agnello
Produzent Jeanne Geiben, Pol Cruchten
Produktiouns-
gesellschaft
Red Lion
La Luna Productions
Schauspiller
Boris Berthelot: Tilo
Isabelle Sempere: Karen
Nathan Vaye: Serveuse
Marja-Leena Junker: Receptionistin
Johannes Zametzer:Virwëtzege Mann
André Mergenthaler: Museker
Dietrich Emter: Client 1
Pol Cruchten: Client 2
Nico Kaas: Tilo (al)
André Snijkers: Silhouette
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Eng jonk Koppel exploréiert zesummen hiert Sexliewen. Een Dag begéint de jonke Mann eng mysteriéis Fra an enger lokaler Bar.

Filmproduktioun a -promotioun änneren

W ass dem Luc Feit säin drëtte Kuerzfilm als Regisseur.

Fir d'Produktioun vum Film krut d'Gesellschaft Red Lion 2001 e Subsid an Héicht vu véier Millioune Lëtzebuerger Frang, respektiv ronn 100.000 Euro, vum Lëtzebuerger Filmfong.[1]

Zu Lëtzebuerg gouf de Film am Abrëll 2003 am Stater Kino Utopia gewisen, virun der Opféierung vun der amerikanescher Comedie Punch Drunk Love vum Paul Thomas Anderson.[2]

Wat sot d'Press? änneren

W est un film gai, léger et enjoué, [...] plein d'humour et de complicité, plein de détails charmants et décalés. [...] Les treize minutes se passent à un rythme dynamique, encadré par la musique très légère d'André Mergenthaler. Cela passe tellement vite qu'on en redemande

Quellen änneren

Referenzen änneren

  1. Rapport Annuel 2001 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 2
  2. 2,0 2,1 Je suis deux, soyons quatre, Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land, 17. Abrëll 2003