D'Wëldmarke gi vun der Natur- a Bëschverwaltung pro Lous verdeelt. Se gi gebraucht fir d'Anhale vun de Bejoungspläng fir d'Grousswëld ze iwwerwaachen an och fir d'Braconéieren z'ënnerbannen. Virum Ufank vun der Juegdperiod ginn d'Marke vun der Verwaltung un d'Piechter verschéckt.[1][2]

Wéini muss d'Mark ugemaach ginn? änneren

Soubal wéi d'Grousswëld aus dem Lous, wou et geschoss gouf, eraustransportéiert gëtt, muss d'Mark um hënneschte Fouss oder um Ouer festgemaach ginn. All Déier, dat ouni Mark aus dem Lous transportéiert gëtt, ass als braconéiert ze gesinn.

Kodifikatioun op de Marken änneren

  • ANF: fir Natur- a Bëschverwaltung,
  • d'Juegdperiod: Gültegkeetsdauer mam Ufangsjuegdjoer an Ennjuegdjoer (2021/2024),
  • eng lafend Nummer,
  • zwéi Buschtawen no der Zort an dem Geschlecht vum Déier:
    • CM: männlechen Hirsch, méi al wéi zwee Joer
    • CF: Hirschkou, méi al wéi zwee Joer
    • CJ: männlecht oder weiblecht Hirschkallef, manner wéi zwee Joer al[3]
    • SM: männlecht Wëllschwäin
    • SF: weiblecht Wëllschwäin
    • MM: männleche Muffel
    • MA: weibleche Muffel a Muffellamm
    • DM: männlechen Dammhirsch
    • DA: Dammkou an Dammkallef
    • RM: Réibock
    • RA: Réigeess a Réikitz

Wou a wéini si se gülteg? änneren

Se sinn op deene Lousen gülteg, fir déi se verdeelt goufen. Ausser béi enger Juegd-Bewirtschaftungs-Unitéit, wou d'Marken op alle Lousen an der Unitéit gëllen. Se si wärend der Juegdperiod, déi drop steet, gülteg.

Wann e keng Marke méi huet änneren

Fir d'Réi, d'Wëllschwäin, den Dammhirsch an de Muffel kann een ëmmer schrëftlech nei Marke béi der Natur- a Bëschverwaltung ufroen, fir den Hirsch net. Wann ee keng Marke fir den Dammhirsch an de Muffel kritt hat, well normalerweis keng Dammhirschen oder Muffelen op deem Lous sinn, kann ee se awer wärend den Ëffnungszäite schéissen, wann ee sech bannent 12 Stonne béi der Verwaltung mellt fir eng Mark ze kréien.

Speziell Marke fir d'Verwaltung änneren

Fir d'Fallwëld oder d'Wëld dat konfiszéiert gouf, gëtt et nach rout Marke mat follgender Beschrëftung:

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Groussherzoglecht Reglement vum 30. November 2012
  2. Groussherzoglecht Reglement vum 14. Februar 2018
  3. ANF Bestëmmung vum Alter vum Hirschkallef