Juegdpiechter
De Juegdpiechter ass e Jeeër, deen eleng oder zesumme mat anere Jeeër den Zouschlag fir e Lous vum Collège des syndics kritt huet oder deem säi Bail, opgrond vu der Decisioun vun der Generalversammlung, verlängert gouf.
Hie muss ënner anerem
- de Juegdpacht plus eng Tax vu 15 Prozent ufanks vum Juegdjoer un de Juegdsyndikat bezuelen, ouni datt hien eng Reduktioun vum Pacht kéint froe wéinst Ännerunge vun de Kulturen.
- mat engem eventuelle Juegdgéigner fir de Wëldschued am Lous opkommen.
Op den 18.8.2022 gëtt et zu Lëtzebuerg 1.437 Piechter.[2]