De Wäimusée Éinen ass e Musée op der Wäistrooss 115 zu Éinen, an deem d'Geschicht vum Wäibau zu Lëtzebuerg explizéiert gëtt. De Musée dee vum Tourismusveräin (Entente touristique de la Moselle) geréiert gëtt, ass aktuell(Oktober 2021) wéinst Ëmbauaarbechten zou[1].

De Wäimusée zu Éinen (2015)

Geschicht vum Gebai änneren

De Musée ass ënnerbruecht an engem groussen, ale Wënzerhaus, dat e puer Joerhonnerten der Famill Wellenstein gehéiert huet. D'Famill Wellenstein huet sech 1585 zu Éinen niddergelooss an huet do iwwer vill Generatioune bis 1914 Wäin produzéiert. D'Gebaier goufen an där Zäit an e puer Etappen an de Joren 1686, 1731, 1750 an 1866 vergréissert respektiv zousätzlech Gebaier goufe bäigebaut.

An der Zäit tëscht 1750 an 1866 war d'Famill zu groussem Wuelstand komm a konnt sech zu Dräibuer souguer e klengt Schlass bauen an ënnerhalen.

Ëm 1900 hat d'Famill eng Wäibaufläch vun ca 100 ha an hirem Besëtz; déi ganz Wäibaufläch op der lëtzebuergescher Musel hat déi Zäit ca 1.274 ha.

1914 war de Betrib awer faillite an 1916 hunn d'Ierwen d'Gebaier un d'Notärsfamill Würth vu Wuermer verkaaft. Bis Mëtt den 1930er Joren gouf nach Wäin do produzéiert, duerno hunn nach e puer Familljemembere vun der Famill Würth bis 1964 dra gewunnt. Am Januar 1974 huet de Staat d'Gebai kaaft an no der Renovéierung ass den 20. September 1979 de Wäimusée opgaangen.

Den 2. Mäerz 2018 gouf de Gebaikomplex (ë. a. Haiser Würth a Schengtgen) als national Monumenter klasséiert[2].

Ausstellung änneren

  • Dokumentatioun mat Biller an Ausstellungsstécker vun der Geschicht vum Wäibau zu Lëtzebuerg an der Aarbecht an de Wéngerten
  • Dokumentatioun vun der Wäiproduktioun am Wäikeller
  • Al Schmëdd
  • Äichamt
  • Kéiferei
  • Schnapsbrennerei
  • Al Kichen
  • Musterwäibierg
  • Éischte Sprëtz-Helikopter

Zousätzlech Aktivitéiten änneren

  • Verwëllefte Festkeller (27 m laang an 9 m breet) fir kulturell Organisatiounen
  • Et kann ee Vëloen (och Elektro-Vëloen) do lounen
  • Touristebüro am Agank vum Musée

Zukunft vum Musée änneren

Et ass virgesinn den aktuelle Musée zerguttst zouzemaachen an e mat engem neie Konzept fréistens 2024 als „Centre Mosellan“ nei ze bedreiwen. Eng Partie vun den ausgestallten Exponate goufen z. B. an d'Possenhaus transferéiert, anerer goufe vum Staat versteet[3].

Literatur änneren

  • Prosper Kayser, 2002: Familien Wellenstein und ihre Nachkommen in aller Welt mit den dazugehörigen Familien Gales, Kohll, Legill, Linden und Muller von 1590 bis heute. Inst. Grand-Ducal, Luxembourg 2000, 712 S., ISBN 2-919910-07-8
  • Robert Grün, 1997: Familie Wellenstein von Ehnen: verwandte Adelsgeschlechter mit der Familie Wellenstein aus Ehnen, 163 S.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Wäimusée Éinen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Entente touristique de la Moselle, Mentions légales. www.entente-moselle.lu (2021-10-04). Gekuckt de(n) 2021-10-04.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. Wäimusée zu Éinen: Miseler Patrimoine gëtt versteet. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-04.