Volleks- a Wunnengszielung

Zielung vun de Leit, Wunnengen a Gebaier zu Lëtzebuerg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der grousser Vollekszielung déi all zéng Joer organiséiert gëtt. Fir déi fréier Steierzielung de 15. Oktober vun all Joer, kuckt wgl. Steierzielung.

D'Volleks- a Wunnengszielung vu Lëtzebuerg, allgemeng (grouss[1]) Vollekszielung genannt, offiziell recensement général de la population, des logements et des bâtiments du Grand-Duché de Luxembourg ass eng statistesch Zielung op engem festgeluechten Datum vun de Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen, vun de Wunnengen a Gebaier.

Formulaire fir d'Vollekszieleung 2021

Zweck vun der Zielung änneren

Geschicht änneren

D'Zuel vun den Awunner pro Gemeng ass ë. a. d'Basis fir d'Festleeë vun der Zuel vun de Membere vum Gemengerot[2][3].

D'Awunnerzuel déi bei Vollekszielung ermëttelt gouf, hat och hiren Zweck an der Zäit vum Däitschen Zollveräin, an deem Lëtzebuerg vun 1842 bis 1918 Member war. Op Basis vun der Awunnerschaft goufen d'Recetten un déi eenzele Staate vum Däitsche Bond verdeelt[4].

Hautdesdaags änneren

D'Zil vun der Zielung déi all zéng Joer organiséiert gëtt, ass fir follgend Donnéeë festzestellen:

  • den Effektiv vun der Populatioun déi hire feste Wunnsëtz zu Lëtzebuerg huet, grad wéi d'Uertschaft wou se wunnen;
  • d'Zuel vun de Stéit an hir Zesummesetzung;
  • d'Situatioun vun hirem Logement;
  • d'Zuel vun de bewunnten an eidele Wunnengen;
  • fir d'Wunnhaiser, den Typ vum Gebai, d'Zuel vun de bewunnten an eidele Wunnengen an d'Baujoer.

Bei der leschter Vollekszielung(2011) goufe 521.353 Leit am Land gezielt[5].

Oflaf vun der Zielung änneren

De Statec ass zoustänneg fir d'Zielung z'organiséieren, z'iwwerwaachen, auszewäerten an ze kontrolléieren.

All Persoun resp. all Stot muss bei der Zielung matmaachen. D'Donnéeë ginn entweeder iwwer Pabeierformulairë gesammelt déi un d'Stéit verdeelt ginn, oder – zanter 2011 – iwwert en Online-Formular op guichet.lu. All Angaben déi gemaach ginn, mussen d'Situatioun op dem festgeluechten Dag erëmginn.

Datum vun der Zielung änneren

Den Datum an d'Modalitéite vun der Zielung ginn iwwert e Règlement grand-ducal festgeluecht. Uganks war d'Zielung all 3-5 Joer; zanter 1970 gëtt ongeféier all 10 Joer gezielt.

Vollekszielunge vun 1821 bis haut
Nr Datum Awunner[5] Referenz
1 01.01.1821 134 082
2 01.10.1839 175 223
3 01.01.1844[6] [4][7]
4 03.12.1846 186 140 [8]
5 31.12.1847 186 062 [9]
6 03.12.1849 189 783 [10]
7 31.12.1851 194 719 [11]
8 03.12.1852 [12]
9 03.12.1855 189 480
10 03.12.1858 [13]
11 03.12.1861 197 731
12 03.12.1864 202 937
13 31.12.1865 203 664
14 01.12.1871 204 028
15 01.12.1875 204 606
16 01.12.1880 210 507 [14]
17 01.12.1885 214 633 [15]
18 01.02.1887 [16]
19 01.12.1890 211 481
20 02.12.1895 217 716 [17]
21 01.12.1900 234 674 [18]
22 01.12.1905 245 888 [19]
23 01.12.1910 259 027 [20]
24 01.12.1916 263 490 [21]
25 01.12.1922 261 643 [22]
26 01.12.1927 284 702 [23][24]
27 31.12.1930 299 782 [25]
28 31.12.1935 296 913 [26]
29 31.12.1947 290 992 [27]
30 31.12.1960 314 889 [28]
31 31.12.1966 334 790 [29]
32 31.12.1970 339 841 [30]
33 31.03.1981 364 602 [31]
34 01.03.1991 384 634 [32]
35 15.02.2001 439 539 [33]
36 01.02.2011 512 353 [34]
37 08.11.2021 643 941[35] [36]

Zielung vun 2021 änneren

D'Zielung vun 2021 war uganks op den 21. Juni festgeluecht ginn[37], wéinst der Covid19-Pandemie ass den Datum duerno awer op den 8. November geréckelt ginn[38].

Bei de Resultater vun der Zielung, déi am Februar 2023 verëffentlecht goufen, ass ë. a. erauskomm, datt d'Bevëlkerung zanter dem Recensement vun 2011 ëm 25,7% (131.588 Persounen) zougeholl huet.

Nieft dësem grousse Bevëlkerungswuesstem gouf festgestallt, datt d'Populatioun méi al gëtt: den Duerchschnëttsalter louch 2021 bei 39,7 Joer, wat ee Joer méi ass wéi nach 2011.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Volleks- a Wunnengszielung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. fir se net mat der Steierzielung ze verwiesselen, déi bis 2013 all Joer organiséiert gouf
  2. Loi du 2 décembre 1861 sur les élections communales. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-04.
  3. TEXTE COORDONNÉ de la loi communale du 13 décembre 1988. - Legilux. Art. 4bis « En vue de déterminer le nombre des membres du conseil communal assignés à chaque commune, il est procédé, au moins tous les dix ans, au recensement de la population du Grand-Duché de Luxembourg ». legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  4. 4,0 4,1 Arrêté du 10 novembre 1843 du Conseil de gouvernement, concernant le recensement général de la population du Grand-Duché. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  5. 5,0 5,1 Caractéristiques personnelles - Population totale de résidence habituelle du Luxembourg 1821 - 2011. statistiques.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  6. D'Zielung war nom 16. Dezember 1843, de Stéchdatum fir d'Awunnerschaft festzehale war den 1. Januar 1844 (Quell: Circulaire du 13 novembre 1849)
  7. Circulaire du 1er décembre 1843 aux commissaires de district et aux administrations communales, concernant le prochain recensement général de la population du Grand-Duché. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-04.
  8. Circulaire du 11 novembre 1846, N° 13858-3118, aux Commissaires de district et aux administrations communales, concernant le recensement général de la population du Grand-Duché. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  9. Arrêté du 26 novembre 1847 ordonnant, en exécution de l'article 43 du règlement électoral du 16 octobre 1841, un recensement général de la population au 31 décembre 1847. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  10. Circulaire du 13 novembre 1849 N° 3393-580 concernant le recensement de la population du Grand-Duché. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-04.
  11. Arrêté du 11 novembre 1851, N°4211, concernant le recensement de la population au 31 décembre 1851. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  12. Arrêté du 5 novembre 1852 concernant le recensement général de la population du Grand-Duché. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  13. Arrêté du 13 novembre 1858 concernant le recensement général de la population pour 1858. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  14. Arrêté du 23 octobre 1880 qui prescrit un recensement général de la population du Grand-Duché. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  15. Arrêté du 15 octobre 1885 qui prescrit un recensement général de la population du Grand-Duché. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  16. Arrêté du 2 janvier 1887 ordonnant un recensement général de la population en vue de la fixation du nombre des députés et de celui des conseillers communaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-04.
  17. Arrêté du 13 septembre 1895 prescrivant un recensement général de la population du Grand-Duché au 2 décembre 1895. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  18. Arrêté du 10 octobre 1900 prescrivant un recensement général de la population du Grand-Duché au 1er décembre 1900. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  19. Arrêté du 30 septembre 1905 prescrivant un recensement général de la population du Grand-Duché au 1er décembre 1905. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  20. Arrêté du 1er octobre 1910 prescrivant un recensement général de la population du Grand-Duché au 1er décembre 1910. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  21. Arrêté du 3 novembre 1916 prescrivant un recensement général de la population du Grand-Duché au 1er décembre 1916. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  22. Arrêté du 4 novembre 1922 prescrivant un recensement général de la population du Grand-Duché au 1er décembre 1922. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  23. Arrêté du 15 octobre 1927 prescrivant un recensement général de la population du Grand-Duché au 1er décembre 1927. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  24. Arrêté du 31 octobre 1927 prescrivant un relèvement des logements. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  25. Arrêté du 28 octobre 1930 prescrivant un recensement général de la population du Grand-Duché au 31 décembre 1930. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  26. Arrêté grand-ducal du 31 octobre 1935, prescrivant un recensement général de la population du Grand-Duché au 31 décembre 1935. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  27. Arrêté grand-ducal du 4 décembre 1947, prescrivant un recensement général de la population et des logements et bâtiments du Grand-Duché au 31 décembre 1947. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  28. Arrêté grand-ducal du 8 décembre 1960 prescrivant un recensement général de la population et des logements et bâtiments du Grand-Duché au 31 décembre 1960. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  29. Règlement ministériel du 15 nivembre 1966 prescrivant un recensement général de la population du Grand-Duché au 31 décembre 1966. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  30. Règlement grand-ducal du 22 décembre 1970 prescrivant un recensement général de la population et des logements et bâtiments du Grand-Duché au 31 décembre 1970. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  31. Règlement grand-ducal du 31 mars 1981 prescrivant un recensement général de la population et des logements et bâtiments du Grand-Duché au 31 mars 1981. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  32. Règlement grand-ducal du 24 janvier 1991 1. prescrivant un recensement général de la population, des logements et des bâtiments du Grand-Duché au 1er mars 1991; 2. autorisant la création et l'exploitation d'une banque de données nominatives y relative. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  33. Règlement grand-ducal du 18 janvier 2001 1. prescrivant un recensement général de la population, des logements et des bâtiments du Grand-Duché au 15 février 2001; 2. autorisant la création et l'exploitation d'une banque de données nominatives y relative. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  34. Règlement grand-ducal du 25 novembre 2010 prescrivant un recensement général de la population, des logements et des bâtiments du Grand-Duché au 1er février 2011. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  35. (fr)Histoire et aperçu. statistiques.public.lu. Gekuckt de(n) 16.02.2023.
  36. Règlement grand-ducal du 30 juillet 2021 prescrivant un recensement général de la population, des logements et des bâtiments du Grand-Duché de Luxembourg au 8 novembre 2021. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  37. Awunner zu Lëtzebuerg: D'Vollekszielung ass dëst Joer den 21. Juni. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.
  38. Wéinst Coronavirus: Vollekszielung gëtt op en Neits verluecht. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-03.