Voilemont
franséisch Gemeng am Departement Marne
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Marne | ||||
Arrondissement | Sainte-Menehould | ||||
Kanton | Argonne Suippe et Vesle | ||||
Postcode | 51800 | ||||
Gemengecode | 51650 | ||||
Koordinaten | 49° 02’ 55’’ N 04° 47’ 56’’ O | ||||
Fläch | 581 ha | ||||
Bevëlkerung | 44 (1999) |
Voilemont ass eng franséisch Gemeng am Departement vun der Marne an der Regioun Grand Est.
D'Uertschaft läit am Dall vun der Yèvre déi an d'Auve en Niewefloss vun der Aisne leeft.
Ëm Voilemont gëtt et Steekaule wou Kalleksteen ofgebaut gëtt.
Voilemont war schonn an der Merowengerzäit bewunnt, an huet duerno zum Besëtz vun de Grofe vun Dampierre gehéiert. Am 15. Joerhonnert huet Voilemont der Famill Cauchon gehéiert.
Nopeschgemengen
ännerenKuckeswäertes
änneren- D'Iwwerreschter vum Schlass Maupertuis.
- D'Kierch aus dem 16. Joerhonnert