D'Virgin Group ass e brittesche Mëschkonzern dee vum Sir Richard Branson gegrënnt gouf. D'Virgin Group faasst Deelentreprisen an ënerscheetleche Beräicher, zum Beispill am Museksgeschäft, an der mobiler Telekommunikatioun, an an der Loftfaart.

Virgin Group
Kategorie Ltd.
Grënnung 1970
Sëtz London
Leedung Richard Branson, Direkter
Stephen Murphy, CEO
Mataarbechter zirka 50.000
Ëmsaz 21,3 Mrd. USD
Branche Mëschentreprise
Homepage virgin.com

Geschicht änneren

1970 hat de Richard Branson déi éischt Entreprise gegrënnt, déi den Numm Virgin kritt hat. Si war virun allem op de Schallplackeversand spezialiséiert an hat och spéider Plackebutteker bedriwwen. 1972 koum d'Grënnung vun Virgin Records, mat engem Tounstudio zu Oxfordshire, derbäi. 1973 koum den éischten Album vum Mike Oldfield (Tubular Bells) bei Virgin Records eraus, dee méi wéi fënnef Millioune Mol verkaaft gouf. Dëse finanzielle Erfolleg war de Grondsteen fir all weider Aktivitéiten vum Branson. Hien huet aner Firmen gegrënnt, déi all ënner dem Label "Virgin" gelaf sinn.

D'Grënnung vu senger Fluchgesellschaft Virgin Atlantic Airways hat d'Virgin-Grupp an de fréien 1990er Joren a finanziell Nout bruecht. Als Folleg hat de Branson 1992 d'Virgin Records, dunn eng vun de sechs gréissten Entreprisen an der Musekbranche, mat allen Opnamestudioe fir eng Milliard US-Dollar den EMI-Records misse verkafen. 1996 ass hien nees mat V2 Records an d'Musekgeschäft agetrueden, huet d'Entreprise awer 2006 nees verkaf.

Am Fréijoer 1993 huet hien dem Virgin Radio säi Programm mat enger Live-Uso vum Branson lancéiert. De kompletten Ëmsaz vun der Virgin Group war 2002 véier Milliarde Pond Sterling.

2006 gouf Virgin Mobile fir 690 Millioune Pond verkaf. Am Februar 2007 gouf bekannt, datt Virgin mat der brittescher Entreprise Game Domain International eng 3D-Spillewelt mam Numm A World Of My Own eraus géif ginn, déi de PC-Spill-Maart revolutionéiere sollt. Ëmgesat gouf dat awer ni.

An der Formel 1-Saison 2009 war d'Virgin Group Sponsor vum Formel 1-Team Brawn GP. An der Formel 1-Saison 2010 goung Virgin wéinst engem ëmfangräiche Sponsoring-Kontrakt mam brittesche Rennstall Manor Grand Prix ënner eegenem Numm mam Team Virgin Racing un de Start.[1]

Zanter 2017 investéiert Virgin an d'Entreprise Hyperloop One, déi a Virgin Hyperloop One ëmbenannt gouf. D'US-amerikanesch Entreprise schafft un der Entwécklung an Ëmsetzung vum Hyperloop-Konzept (Héichvitesstransport).

Konzernstruktur änneren

(Stand: ??)

Entreprise vun der Virgin Group änneren

Fluchgesellschaften änneren

Weider Branchen änneren

Fréier Entreprisë vun der Virgin Group änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. (en) Manor GP set to be rebranded as Virgin Racing – Artikel bei BBC Sport, vum 30. November 2009