Vincent Reding

lëtzebuergesche Kriminolog a Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Vincent Reding, gebuer 1992, ass e lëtzebuergesche Kriminolog, CSV-Politiker an zanter dem 13. Dezember 2018[1] Buergermeeschter vun der Gemeng Weiler zum Tuer.

Vincent Reding
Gebuer 1992
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kriminolog, Politiker
Partei CSV

Hien huet 2017 säi Studium als Kriminolog fäerdeg gemaach.

Bei de Gemengewalen am Joer 2017 huet hie fir d'éischt Kéier an der Gemeng Weiler zum Tuer kandidéiert a koum, virun der deemoleger Buergermeeschtesch Cécile Hemmen, op déi éischt Plaz, wat d'Zuel vun de Stëmmen ugeet. Hie koum doropshin als zweete Schäffen an de Schäfferot.

Bei de Chamberwalen 2018 krut hien a senger Gemeng nees méi Stëmme wéi d'Cécile Hemmen, an och méi wéi de CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler.

Nom Récktrëtt vun der Cécile Hemmen als Buergermeeschtesch vu Weiler goufen de 14. Oktober 2018 Komplementarwalen an der Gemeng ofgehalen an de Vincent Reding gouf dunn neie Buergermeeschter. Hie gouf den 13. Dezember 2018 vereedegt[1].

Um Spaweck änneren

  • Nadine Schartz, Der jüngste Bürgermeister, am Luxemburger Wort vum 27. Dezember 2018, S. 22

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Weiler-la-Tour: Reding als Bürgermeister vereidigt op wort.lu den 13. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt de 27. Dezember 2018