Victor Neuens

lëtzebuergeschen Auteur an Editeur

De Victor Neuens, gebuer de 4. Abrëll 1898 zu Esch-Uelzecht, an och do den 1. Februar 1975 gestuerwen, war e lëtzebuergeschen Auteur, Editeur a Lokalpolitiker.[1]

Victor Neuens
Gebuer 4. Abrëll 1898
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 1. Februar 1975
Esch-Uelzecht
Aktivitéit Politiker, Auteur, Editeur

Hien huet patriotesch a reliéis Gedichter geschriwwen (seng éischt Sammelbänn haten d'Titelen Meng e'scht Blummen a Kreiz a Kro'n), ma hie gouf virun allem duerch seng Vollekstheaterstécker bekannt.

An den 1920er Joren huet hien Artikelen iwwer d'Geschicht vun der Lyrik op Lëtzebuergesch an der Obermosel-Zeitung an a Jung-Luxemburg publizéiert, an dono och eng sëllegen Theaterkritiken.

De Victor Neuens huet 1923 de Verlag Victor Neuens (och: Luxemburger Theaterverlag) gegrënnt, an deem en net nëmme seng Theaterstécker, ma och där vum François Gilson, Adolf Berens, Max Goergen, Joseph Hurt, François Léger, Adolf Weis, Wilhelm Weis an Theodor Zenner publizéiert huet. 1926 war hien, zesumme mam Max Goergen a Joseph Hurt, Grënner vun der Literaturzäitschrëft Jong-Hémecht a bis 1935 den Editeur dovun.

Politesch huet hie sech an der Gemengepolitik engagéiert a war laang Member vum Escher Gemengerot.

A senger Heemechtsstad gouf am Quarier Zaepert eng Strooss no him genannt.

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche Victor Neuens op autorenlexikon.lu.