Schëld A, 23

Verkéierswarnschëld Lëtzebuerg


D'Schëld A, 23 ass e Verkéierswarnschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route, dat eng Kräizung mat Rietsvirfaart ukënnegt. Am Prinzip hunn op deene Kräizungen d'Chaufferen déi vu riets komme Virfaart virun deenen déi vu lénks kommen, onofhängeg vun der Richtung an déi se fuere wëllen. Dozou gëtt et awer Ausnamen déi am Artikel 136 vum Code de la route ernimmt sinn; sou z. B. huet deen, dee vu riets kënnt keng Virfaart wann en aus enger gespaarter Strooss, engem Parking, engem Privat- oder Feldwee oder enger Foussgängerzon erausfiert.

Schëld A, 23
Kräizung mat Rietsvirfaart
Bezeechnung A,23
Kategorie Verkéierswarnschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955

D'Schëld gëtt opgestallt, wann et néideg ass fir d'Siicht op d'Kräizung ze verstäerken[1].

Originaltext aus dem Code de la route: änneren

„24. Intersection à priorité de droite - Le signal A,23 indique l'approche d'une intersection où la priorité de droite est d'application, sans préjudice des dispositions de l'article 136“

Artikel 107 – I. Signaux d'avertissement et de danger[2]

.

Bemierkungen änneren

D'Schëld A, 23 gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 7 vum Artikel 107 definéiert an hat awer eng liicht aner Bedeitung: et huet op eng Kräizung higewisen, ouni datt vu Rietsvirfaart rieds goung[3].

„Le signal « intersection » est employé pour annoncer l'approche d'un croisement, d'une bifurcation ou d'une jonction“

.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéierswarnschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955, Art. 107, « Dispositions générales concernant les signaux d'avertissement de danger »
  2. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  3. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.