Veianer Sessellift
De Veianer Sessellift am Ourdall zu Veianen gouf den 2. Juli 1955 ageweit, an ass deen eenzege Sessellift op Héichmasten am Grand-Duché. E gëtt vun der Veianer Gemeng bedriwwen.
D'Streck vun der Dallstatioun an der rue du Sanatorium bis op d'Biergstatioun ass ronn 458 Meter laang.
Vun 210 m (NG-L) féiert de Lift mat sengen 42 duebele Sëtzer iwwer d'Our an d'Strooss Veianen - Biwels (d'rue du Vieux Marché, respektiv d'N10) op 370 Meter Héicht bei e Belvedère, deen op enger Fielsnues läit, wou de Millebierg an de Romebierg zesummekommen.
Vun do huet een e Panoramabléck op Veianen, d'Buerg an d'Staumauer.
De Sessellift transportéiert am Duerchschnëtt 70.000 Leit am Joer. A Spëtzendeeg fuere bis zu 1.500 Leit mat (Zuele vum Joer 2016).
Iwwer de Wanter 2005-2006 gouf de Sessellift vun der Firma Bartholet Metallbau AG vu Flums an der Schwäiz komplett renovéiert, an et goufen dobäi 1.060 Meter nei Droseeler agezunn. Investéiert goufen dobäi 2,2 Milliounen Euro.
D'Iddi fir de Bau vun der Anlag goung eigentlech vum Touristeveräin vun Dikrech aus, deen Ufank den 1950er Joren sou e Sessellift fir op den Härebierg baue wollt. Well dunn awer um Härebierg d'Militärkasäre gebaut goufen, konnt déi Iddi net realiséiert ginn. Vun där Iddi hate se zu Veianen awer och héieren an hu se fir hir Zwecker adaptéiert. De Raymond Frisch, President vum Syndicat d'initiatives, huet et tatsächlech fäerdegbruecht, datt de Sessellift zu Veianen gebaut gouf.
Technesch Donnéeën
änneren- Fest installéiert 2er-Sesselbunn (Sf2), no europäeschen Normen gebaut, an no der Directive 2000/9/EG CE-zertifizéiert Touristenanlag
- Undriff: Motorhaus am Dall, Ënnerfluranlag, mat engem Motor vu 55 kW an engem Diesel-Noutaggregat (45 kW)
- Spansystem: mechanesch
- Horizontal Längt: 429,6 Meter
- Schréi Längt: 458,9 Meter
- Héicht vun der Biergstatioun: 370 m
- Héichtenënnerscheed: 161 Meter
- Vitess: max. 1,5 Meter an der Sekonn (5,4 km/h)
- Transportleeschtung an der Stonn: max. 460 Persounen
- Sëtzer: 42 Duebelsëtzer, dovun zwéin, mat deenen ee ka Vëloe mathuelen
- Fuerzäit: minimal 5,5 Minutten
- Ëffnungszäiten: vun Ouschtere bis déi drëtt Woch am Oktober
Seeler
ännerenD'Seeler goufe vun der Firma Teufelberger vu Wels (Éisträich) fabrizéiert. Se hunn en Duerchmiesser vun 30 mm, a sinn an der Konstruktioun 6x19 Seale. Sou Seeler hunn eng Mindestbrochkraaft vun 59.400 Kilo.
Literatur
änneren- Nico Muller: Viandens Draht nach oben am Luxemburger Wort vum 13. August 2016, S.30, och op wort.lu, 16. August 2016: Besuchermagnet Sessellift - Viandens Evergreen
Um Spaweck
ännerenCommons: Veianer Sessellift – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Der Sessellift op der Websäit vun der Veianer Gemeng (de)
- Seilbahn in Vianden Kuerze Film op Youtube mat der Vue vum Sessellift aus