Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

De Veda (och Weda) oder d'Veden (Sanskrit: वेद, veda, "Wëssen", "d'helleg Léier") ass eng mëndlech iwwerliwwert, méi spéit verschrëftlecht Sammlung vu reliéisen Texter am Hinduismus. An dësen hellege Schrëfte fënnt een ënner anerem Lidder, Gedichter a Geschichten. Déi gleeweg Hinduiste sinn der Iwwerzeegung, datt hir Gottheeten déi Texter viru laanger Zäit verfaasst hunn.

Geschichtleches änneren

D'Bedeitung vum Veda ass a ville Richtunge vum Hinduismus ganz wichteg. Vill Schrëften aus dem Hinduismus bezéie sech op si, och a Form vu Kommentaren. Déi genee Ofgrenzung, wéi eng Texter zum Veda gehéieren, ass ëmstridden. Déi spéider hinduistesch Schrëften, wéi d'Puranaen (Sanskrit: purāṇa, wiertl.: "al Geschicht") gehéieren och zu de wichtegsten hellege Schrëften vum Hinduismus. Si sinn no de Veden an der Zäit vu 400 n. Chr. bis 1000 n. Chr. entstanen, gräifen awer dacks op eeler Inhalter zeréck. Donieft gëtt et och nach d'Agama (Sanskrit: आगम, āgama). Agama bezeechent am Hinduismus en Offenbarungstext, deen op déi héchst gëttlech Persounen, also Shiva oder Devi, resp. Vishnu oder Hari zeréckgoe soll. D'Agama gëtt och als "vedesch Literatur" bezeechent a gëtt souguer vu verschiddenen als déi fënneft Veda ugesinn.

D'Veda u sech gëllt als vu Weisen "gehéiert" Wëssen (Shruti) a représentéiert déi héchst Autoritéit. Bei de Veden (am méi enke Sënn) geet et ëm Texter, déi ursprénglech mëndlech iwwer Joerhonnerten am Sanskrit a Form vu Lidder a Rezitationen iwwerliwwert an eréischt vum [Wéini ?]Joerhonnert n. Chr. u schrëftlech erfaasst goufen. Am 19. Joerhonnert hunn Indologe wéi de Max Müller s'a verschidden europäesch Sproochen iwwersat. Déi Iwwersetzunge sinn ënner orthodoxen Hinduen net onëmstridden, well d'Veda als oniwwersetzbar gëllt.

Véier Veden änneren

Déi eelst Schicht vu Vede gëtt a véier Sammlungen agedeelt, déi jeeweils aus verschiddene Bicher bestinn:

  • D'Rigveda besteet aus Hymnen, déi sech u verschidde Gottheete riichten, déi d'Priistere wärend de verschiddene Ritualer zitéieren.
  • D'Samaveda si Lidder an och praktesch Uleedungen.
  • D'Yayurveda bestinn aus Verse mat kuerze Ritualuweisungen.
  • D'Atharvaveda sinn Hymnen a Spréch an deenen et haaptsächlech ëm d'Ofwier vu Krankheet an Iwwel geet.

Déi véier Deeler gëllen als Veda am méi enke Sënn. Si sinn de Kär vum Veda.

Vedismus an Hinduismus änneren

Verschidden Texter ginn an dem éischte Korpus vu vedeschen Texter beigesat: d'Āranyakaen an d'Upanishaden, déi den Iwwergank tëscht dem Vedismus an dem Hinduismus markéieren. Si ginn als nei kulturell Couche ugesinn andeems si de Veda als eenzegaarteg a vun der Éiwegkeet hier ugesinn.

D'Upanishaden si philosophesch esoteresch Ofhandlungen a bilden den Ofschloss vum Veda. Si sinn awer eng eegestänneg Schrëftesammlung. Vill Gleeweg zielen och nach aner Schrëften zum Veda, wéi Bhagavata-Purana, déi vun Unhänger vum Gott Vishnu als helleg Schrëft verstane gëtt. De groussen Eepos Mahabharata gehéiert och derzou a gëtt da wéi den Agama och alt als fënneft Veda ugesinn.

An den Āranyakaen (आरण्यक) stinn esoteresch a mystesch Erklärunge vum Mantra.