VBK-Raduga (russesch fir Reebou) ass den Numm vun onbemannte Retourkapselen, déi fir de Récktransport vu Material vun der russescher Raumstatioun Mir op d'Äerd benotzt goufen. Si goufen u Bord vu Progress-M-Transportraumschëffer op d'Mir bruecht. Fir de Retour gouf d'Raduga amplaz vum Koppelfühler agebaut, ier de Progress d'Statioun verlooss huet. Nom Ofstiig vum Transporter op eng Héicht vun zirka 120 km bis 125 km gouf d'Kapsel ausgestouss an ass onofhängeg un engem Fallschierm op d'Äerd zeréckkomm.

NASA-Illustratioun vun der ballistescher Raduga-Retourkapsel wärend hirem Ofstiig op d'Äerd

D'Radugakapsel ass 1,5 m laang an huet en Duerchmiesser vu 60 cm. Déi eidel Mass ass 350 kg. Si ka bis zu ongeféier 150 kg Gepäck op d'Äerd zeréckbréngen. Mat der Raduga u Bord huet sech déi maximal Notzlaascht vun der Progress ëm 100 kg veklengert.

D'ESA ënnersicht am Ament en änlecht System, PARES genannt, dat a Kombinatioun mam Automated Transfer Vehicle benotzt soll ginn.

Kapsel Startdatum Droraumschëff Kommentar
VBK-Raduga 1 27. September 1990 Progress-M 5
VBK-Raduga 2 19. Mäerz 1991 Progress-M 7 beim Neesantrëtt verluer gaangen
VBK-Raduga 3 20. August 1991 Progress-M 9
VBK-Raduga 4 17. Oktober 1991 Progress-M 10
VBK-Raduga 5 19. Abrëll 1992 Progress-M 12
VBK-Raduga 6 15. August 1992 Progress-M 14
VBK-Raduga 7 31. Mäerz 1993 Progress-M 17 Retour mat Progress-M 18
VBK-Raduga 8 10. August 1993 Progress-M 19
VBK-Raduga 9 11. Oktober 1993 Progress-M 20
VBK-Raduga 10 22. Mäerz 1994 Progress-M 22

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie