Utrechter Unioun

Vertrag tëscht de siwe Provënzen

D'Utrechter Unioun (nl: Unie van Utrecht) ass en Traité deen den 23. Januar 1579 zu Utrecht ënnerschriwwer gouf.

Déi lescht Säit mat den Ënnerschhrëften

Deen Traité huet déi Provënze vereenegt déi sech vun de spueneschen Nidderlanden trenne wollten, sief et aus politeschen oder reliéise Grënn. D'Utrechter Unioun gëtt gacks als deen Akt ugesinn deen Onofhängegkeet vun de Vereenegte Provënze markéiert huet, déi allerdéngs eréischt 1648 um Enn vum Achtzegjärege Krich mam Fridde vu Münster am Kader vum Westfälesche Fridden, vu Spuenien unerkannt gouf.