Usain Bolt

jamaikanesche Sprinter

De Usain St. Leo Bolt, gebuer den 21. August 1986 zu Sherwood Content, Trelawny Parish, ass e jamaikanesche Sprinter, deen néngmol Gold bei den Olympesche Spiller gewonnen huet: 2008 zu Beijing, 2012 zu London an 2016 zu Rio de Janeiro - all Kéier iwwer 100 Meter, 200 Meter a mat der 4 x 100 Meter-Staffel. Hien hält och de Weltrekord am 4-mol-100-Meter-Staffellaf, am 100- an am 200-Meter-Laf. Bei enger aktueller Weltrekordzäit vun 9,58 Sekonnen, déi en de 16. August 2009 an der Finall vun der Liichtathleetik-WM zu Berlin opgestallt huet, ass hie bis elo deen eenzege Mënsch, deen d'100 Meter a manner wéi 9,6 Sekonne gelaf ass. De Bolt ass mat 9,63 Sekonnen an der 100-Meter-Finall bei den Olympesche Spiller zu London de 5. August 2012 och déi zweetséierst Zäit iwwer déi Streck gelaf.

Usain Bolt
Gebuertsnumm Usain St. Leo Bolt
Pseudonym The fastest man alive
Gebuer 21. August 1986
Nationalitéit Jamaika
Aktivitéit Liichtathleet
Gréisst 196 cm
Gewiicht 95 kg
Kompetitiounsklass 100-Meter-Laf

Um Spaweck

änneren
Commons: Usain Bolt – Biller, Videoen oder Audiodateien