Den 100-Meter-Laf ass eng olympesch Disziplin an der Liichtathleetik, déi zum Sprint gehéiert. Si gëtt op der Pist gelaf an de Start ass a Startbléck. Si gëtt op enger riichter Streck a Couloire gelaf, déi de Leefer net verloossen däerf. Wien e Feelstart mécht (Reaktiounszäit vun ënner 100 Millisekonnen) gëtt disqualifizéiert. D'Reaktiounszäit gëtt mat Sensoren an der Pistoul vum Starter, souwéi an de Startbléck gemooss. Bis 2003 hat nach all Participant ee Feelstart zegutt, eréischt beim zweete perséinleche Feelstart gouf een eliminéiert. Vun 2003 bis 2009 war pro Course nach just ee Feelstart erlaabt, de Leefer mam zweete Feelstart am Ganze gouf disqualifizéiert. Zënter 2010 ass iwwerhaapt kee Feelstart méi erlaabt.

Depart vun engem 100-Meter-Laf

Den Athleet muss eng gutt Reaktiounszäit an eng séier Beschleunegung hunn. Hie muss explosiv aus dem Startblock erauskommen. Op där Streck leeft den Athleet keng Gefor an de Laktatberäich ze kommen (d. h. z'iwwersaieren).

Rekorder änneren

Weltrekord:

Lëtzebuergesche Rekord: