Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Déi historesch Allee Unter den Linden zu Berlin geet aus dem alen Zentrum vun der Stad am Osten bis un d'Brandenburger Tor. Si ass knapps 1,5 km laang an op hire Säite sti Palaisen, Theateren, Muséeën, Bibliothéiken an Ambassaden. Si geet duerch de Campus vun der Humboldt Universitéit a kräizt d'Akafsstrooss Friedrichstraße.

Unter den Linden zu Berlin

Si ass d'Adress vun der Däitscher Staatsbibliothéik, der Neue Wache, dem Däitschen Historesche Musée, der Däitscher Staatsoper, dem Opernpalais, der St. Hedwigs Kathedral, der Komescher Oper an dem Hotel Adlon.

Brandenburger Tor zu Berlin