Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Neue Wache zu Berlin gouf 1816 bis 1818 vum Karl Friedrich Schinkel gebaut. D'Gebai gouf e puermol an de Joren 1931, 1969 an 1993 vu bannen ëmgebaut. Déi haiteg Fassong gouf no dem H. Tessenow senger Duerstellung gebaut.

Neue Wache vu vir

Zanter dem Vollekstrauerdag 1993 ass d'Neue Wache als zentrale Memorial vun Däitschland fir d'Affer vum Krich an der Gewaltherrschaft geduecht.

Am grousse Banneraum, dee vum Heinrich Tessenow 1931 entworf gouf, steet déi vum Harald Hacke op 1,80 Meter vergréissert Kopie vun der Käthe Kollwitz hirer Skulptur Mutter mit totem Sohn, och Pietà genannt. Den Original dovu steet zanter 1932 um Zaldotekierfecht zu Vladslo a Flandern.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Neue Wache – Biller, Videoen oder Audiodateien