Un acte d'amour

Film vum Anatole Litvak aus dem Joer 1953

Un acte d'amour ass e franséiesch-US-amerikanesche Film vum Anatole Litvak aus dem Joer 1953. En ass de 17. Dezember 1953 an den USA erauskomm an de 7. Mee 1954 am Frankräich.

Un acte d'amour
Film
Produktiounsland Frankräich, USA
Produktiounsjoer 1953
Première 1953
Dauer 108 min
Faarf Schwaarz-Wäiss
Format 1,37:1-
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Englesch
Franséisch
Ekipp
Regie Anatole Litvak
Dréibuch Joseph Kessel an Irwin Shaw
Fotografie Armand Thirard
Musek Michel Emer, Joe Hajos
Schnëtt William Hornbeck, Leonide Azar,
Jacqueline Thiédot
Produzent United Artists,
Benagoss Productions Filmaur
Produktiouns-
gesellschaft
United Artists
Schauspiller
Kirk Douglas als Zaldot Robert Teller
Dany Robin als Lisa Guyadec
Barbara Laage als Nina
Gabrielle Dorziat als Adèle Lacaud
Fernand Ledoux als Fernand Lacaud
Serge Reggiani als Claude Lacaud
Robert Strauss als Johnny Blackwood
George Mathews als Capitaine Henderson
Richard Benedict als Pete
Brigitte Bardot als Mimi
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

E baséiert um Alfred Hayes sengem Roman The Girl on the Via Flaminia.

Wourëms geet et am Film? änneren

De Robert Teller besicht an de fréien 1950er Joren en Hafen am Süde vu Frankräich an denkt zeréck u seng Zäit an der Arméi kuerz nodeems Paräis befreit gouf.

Deemools huet e sech en Zëmmer an engem Hotel-Restaurant gelount fir vun der Kasär an deenen aneren Zaldoten e bëssen Ofstand ze kréien. D'Lisa Guyadec, e Weesekand ouni Suen a Pabeieren, sicht e Wee fir den Autoritéiten z'entwutschen a freet de Robert fir se als seng Fra auszeginn. Obwuel de Robert him uganks kee Vertrauen afléisst fänkt d'Lisa u sech ze verléiwen.

  Opgepasst : De Schluss vun der Geschicht oder en Deel dovu gëtt hei verroden!

Bei enger Schwaarzmaartrazzia gëtt d'Lisa verhaft a kënnt an de Bing, wat se (wéi de Jean Valjean) op éiweg als kriminell brandmarkt.

De Robert huet sech bis dohin awer och schwéier an hatt verkuckt a wëll et bestueden. Dofir brauch en d'Erlabnes vu sengem Supérieur, mee säi Capitaine refuséiert well e mengt hee wéisst am beschte wat gutt fir seng Männer ass. De Robert gëtt direkt aus Paräis fort versat, heen desertéiert mee gëtt verhaft. D'Lisa fillt sech lo nach méi verlooss well de Robert net fir hir Hochzäit erschéngt.

Wéi dem Robert seng Gedanken nees an d'Géigewart zeréckkommen, do leeft e sengem ale Capitaine an d'Gräpp. Wéi dee sech un de Robert erënnert erzielt e senger Fra wat fir en Hond de Robert fréier war a wéi heen en aus de Patte vun engem franséische Meedche gerett huet. De Capitaine seet "Gellt, ech wetten der hutt et zënter dem Krich net méi rëmgesinn." De Robert äntwert "Do hutt der Recht. Se hu säi Kierper aus dem Floss gezu kuerz nodeems ech versat gouf."

Um Spaweck änneren

 
D'Haaptacteure Kirk Douglas an Dany Robin
 
D'Barbara Laage als Nina