Uergel Kierch Hollerech

D'Uergel an der Kierch zu Hollerech staamt aus dem Joer 1953. Si gouf vun der Uergelbaufirma Jos. Schilling et fils vu Kruuchten gebaut. De Spilldësch ass vun der Firma Johannes Klais vu Bonn. D'Uergel gouf den 18. Oktober 1953 feierlech ageweit.

Wéi 1982 d'Kierch nei gemaach gouf, gouf och d'Uergel renovéiert.

Déi haiteg Uergel ass déi drëtt an der Geschicht vun der Kierch.

Déi éischt Uergel änneren

Si gouf 1895 (1896?) vun der Firma Voit & Söhne aus Durlach bei Karlsruhe gebaut.

Déi zweet Uergel änneren

1916 gouf festgehalen, datt d'Uergel vun 1895 an engem schlechten Zoustand an zum Deel net méi bespillbar war. Op Ufro hin huet doropshin d'Firma Schlundus Fischer vu Grouss-Hetteng (mat enger Filial zu Luerenzweiler) en Devis fir eng grouss Reparatur eragereecht. Et ass net gewosst op dës Aarbechte realiséiert goufen oder net.

1935 gouf decidéiert d'Uergel komplett ëmzebauen. Dës zweet Uergel, mat 20 Registeren (sechs méi wéi déi éischt Uergel), gouf vun der Manufacture d'orgues luxembourgoise vu Lëntgen gebaut. Déi 'nei' (ëmgebauten) Uergel gouf de 6. Oktober 1935 geweit.

Déi drëtt Uergel änneren

Kuerz no 1950 huet d'Uergel vun 1935 net méi den Uspréch vun der Zäit entsprach an d'Holz war vum Holzwuerm befall. Eng Reparatur huet sech net méi gelount.

1953 gouf dunn déi haiteg Uergel vum Uergelbauer Jos Schilling vu Cruuchten installéiert. De Spilldësch ass vun der Firma Johannes Klais vu Bonn. D'Uergel gouf sonndes den 18. Otober 1953 geweit.

Wéi 1982 d'Kierch renovéiert gouf, koum d'Uergel an eng Revisioun, déi vum Uergelbaumeeschter Herbert Schmidt vu Miersch gemaach gouf.

D'Organisten änneren

  • Théodore Simon, Dezember 1924 bis 1948
  • Jules Mersch, 1948 - 1967
  • Léon Quaring, 12. Dezember 1967 bis den 22. Mee 1975
  • Roy Green, 1975 - 1978
  • Pierre Nimax jr., 1978 - ?

Quell änneren

Pierre Nimax Jr, 1983.

Literatur änneren

  • Pierre Nimax Jr., 1983. Die Orgeln der Pfarrkirche von Hollerich. In 1000 Jor Por Hollerech¨983-1983: S. 102-114. Dréckerei J.M. Watgen, Hollerech, 156 S.