UdSSR-Monument Esch-Uelzecht
Krichsmonument, dat u Sowjetbirger erënnert, déi zu Lëtzebuerg gestuerwe sinn
D'UdSSR-Monument zu Esch-Uelzecht ass e Krichsmonument, dat un déi 52 Sowjetbierger erënnert, déi zu Lëtzebuerg an der Zäit vum Zweete Weltkrich, wuer se als Krichsgefaangen oder Ostarbeiter verschleeft gi waren, gestuerwe sinn.
Typ | Krichsmonument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Esch-Uelzecht |
Plaz | Lalleng |
Koordinaten | 49°30'46,36"N, 5°59'13,59"O |
Ageweit | 31. Oktober 1957 |
Ageweit vun | Emile Colling |
Et steet zu Lalleng um Kierfecht.
D'Monument gouf den 31. Oktober 1957 op Initiativ vun der Association des parents des déportés militaires luxembourgeois a Presenz vum Emile Colling, Minister vun den Rapatriéierten, an dem sowjeteschen Ambassadeur Iwan-A. Melnik ageweit[1].
D'Opschrëft vum Monument ass:
- Aux citoyens de
- l'U.R.S.S.
- morts au Luxembourg
- 1940-1945[2]
Den 10. Mee 1995, dem 50. Joresdag vum Enn vum Zweete Weltkrich an Europa, gouf eng Commemoratiounsplack säitlech vum Stäil ubruecht. Dorop steet:
- Russie
- reconnaissante à ses
- compatriotes morts en captivité
- le 8 mai 1995
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: UdSSR-Monument Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Lieserbréif vum Guy van Hulle: Dat "vergiessent" Russemonument um Lallenger "Kirfent" Gedanken zum 9. Mee, rtl.lu, 27.5.2024, gekuckt: 4.6.2024