De Sithu U Thant, gebuer den 22. Januar 1909 zu Pantanaw an der Irawadi-Division (haut Myanmar) a gestuerwen de 25. November 1974 zu New York, war e Politiker aus Birma. Vun 1961 bis 1971 war hien den drëtte Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.

U Thant
Gebuer 22. Januar 1909
Gestuerwen 25. November 1974
New York
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Myanmar
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Schrëftsteller
Member vun American Academy of Arts and Sciences

Liewen änneren

1945 huet den U Thant sech mam U Nu der birmanescher Befreiungsbeweegung ënner dem Generol Aung San géint déi japanesch Besatzungsmuecht ugeschloss. 1947 gouf hien, ënner dem Ministerpresident U Nu, Informatiounsminister. Vun 1957 bis 1961 war hie birmanesche Delegéierte bei der UNO.

Den 3. November 1961 gouf hien Interims-Nofollger vum Dag Hammarskjöld, dunn, den 30. November 1962, fir weider véier Joer als drëtte Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen confirméiert.[1] a vun 1966 bis 1971 nach eng Kéier véier Joer.

1973 huet en de Mënscherechtspräis vun de Vereenten Natioune kritt.[2]

U-Thant-Kris änneren

No sengem Doud, de 25. November 1974 zu New York, koum et a Birma zu der sougenannter U-Tant-Kris: De Staatspresident Ne Win hat refuséiert, him e Staatsbegriefnes z'accordéieren, wouropshin seng Läich vu Studenten entfouert gouf, déi en um Terrain vun enger Studentennunioun um Terrain vun der Universitéit vu Rangun (RUSU) begruewen hunn an him do e Mausoleum opgeriicht hunn. E puer Deeg drop huet d'Militär den Terrain gestiermt, woubäi e puer Studenten ëm d'Liewe komm sinn. D'Läich gouf matgeholl an virun der Shwedagon-Pagod begruewen, wouropshin et zu Manifestatiounen an de Stroosse vu Rangun koum. D'Regierung huet doropshin den Ausnamenzoustand ausgeruff.

Um Spaweck änneren

Commons: U Thant – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. UN-Biographie
  2. "List of previous recipients". ohchr.org .