Den Tunnel vu Voeren (Tunnel de Veurs) ass en Eisebunnstunnel op der belscher Linn 24 (Tongeren - Aachen) vun der SNCB um PK 29,210. (Kapp Tongeren)

Tunnel vu Voeren aus dem Zuch gesinn

Den Tunnel deen an der Provënz Limburg läit, ass am Fong geholl en duebelen Tunnel well en aus zwéi getrennte Réier besteet. E geet ënner engem Bëschmassiv dem Veursbos an der Nationalstrooss N648 erduercht.

Op der déifster Plaz läit den Tunnel 75 Meter ënner dem Buedem.

E gouf de 15. Dezember 1917 a Betrib geholl, an ass 2.072 Meter laang.