Tunnel Réngelbur
Den Tunnel Réngelbur ass en Autobunnstunnel op der lëtzebuergescher Autobunn A7, iwwer deen eng Wëldbréck féiert. E läit tëscht den Tunnelle Stafelter a Grouft, um Gebitt vun der Gemeng Steesel.
Den Tunnel deen an oppener Bauweis gebaut gouf, huet eng Längt vun 150 m.[1] an ass den 23. September 2015, zesumme mat der Nordstrooss fir de Verkéier opgaangen. D'Dall vum Tunnel ass tëscht 0,8 an 1,5 m. déck[1].
Um Spaweck änneren
Commons: Tunnel Réngelbur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ 1,0 1,1 Broschür Journées Portes ouvertes 2016 vun der Administration des ponts et chaussées, 2016, S. 27