Den Trockner Steg oder Trockener Steg ass e Plateau op 2.939 m um Rand vum Theodulgletscher an de Walliser Alpen) an der Schwäiz, nëmmen e puer Kilometer vun der Grenz mat Italien ewech. Südëstlech si géi Fielswänn, an a Richtung Italien duuss Schihiwwelen um Gletscher.

Den Trockner Steg

Infrastruktur änneren

Um Trockner Steg si Gare vu Kabinnen, Verwaltungsbüroe vun de Biergbunnen Zermatt an zwéi Restauranten (e Self-service an eng Pizzeria) an eng Bar. Ausserdeem sinn do nach Infrastrukture fir Konschtschnéi aus Waasser ze produzéieren a via Leitunge bei d'Schnéikanounen ze leeden. Donieft ass do eng Basis fir Pistebullien.

Bedeitung am Schigebitt änneren

Den Trockner Steg ass den Ausgankpunkt fir d'Gletscherschigebitt vun Zermatt. Op den Trockner Steg kënnt ee mat enger Pendelbunn aus der Richtung Furi an och vum Furgg.

Furi-Trockner Steg änneren

Eng grouss Pendelkabinn verbënnt de Furi an e puer Minutte mam Trockner Steg. Well do dacks laang Waardezäite sinn, kann een iwwer de Schwarzsee op den Trockner Steg ze fueren.

Furgg-Trockner Steg änneren

Um Furgg kann een tëscht zwou Méiglechkeete wiele fir op den Trockner Steg ze kommen. Engersäits eng méi al blo Pendelkabinn. Déi fiert nëmme bis 1 Auer mëttes a kënnt um Trockner Steg selwer un. Donieft geet um Furgg en debrayable véierer Sessellift fort, deen iwwer de Sandiger Boden op Theodul iwwer dem Trockner Steg ukënnt. Do kann een iwwer eng kuerz blo Pist iwwer de Bord vum Gletscher op de Trockner Steg kommen. Eng Telecorde hëlleft dem Schifuerer bei d'Gare vun de Kabinne vum Trockner Steg ze kommen.

Ufängerlift änneren

Um Trocknen Steg gëtt et en Idiotenhiwwel fir Ufänger. Op enger flaacher, kuerzer Pist kennen Ufänger an aller Rou op engem klengen, kuerzen, flaachen Hang hir éischt Kéieren üben. Et steet hinnen eng Telecorde zur Verfügung fir erëm uewen op den Ufängerhiwwel ze kommen.

Trockner Steg-Furggsattel änneren

Zanter 2005 gëtt et e Gletschersessellift dee vum Trockenen Steg iwwer de Gletscher op de Furgsattel geet. Um Sommet huet en e schéine Bléck iwwer den italieenesche Secteur vu Breuil-Cervinia. Den ieweschte Pisteberäich ass méi géi. Do ginn och Bump Bash-Kompetitiounen ofgehalen. D'Piste vum Furggsattel ginn Accès un de Snowpark deen nieft Spréng, Kickeren a Slide-Rampen och eng Halfepipe opweises huet.

Trockner Steg-Plateau Rosa änneren

Um Trockner Steg geet en laangen Ankerlift Richtung Plateau Rosa iwwer de Gletscher. De Lift Testa 1 geet iwwer e méi géien Hang an eng laanggezunne bal riicht Fläch. Hei gëtt de Lift Testa 1 vum Lift Testa 2 ofgeléist, dien dann uewen um Plateau Rosa, deen d'Grenz mat Italie mécht, ukennt. Hei ass een nëmmen e puer Meter vun der Testa Grigia (3.303 m) ewech. D'Restaurante vun der Testa Grigia sinn z'erreechen an och den Helioport vun der Air Zermatt fir op d'Matterhorn ze fleien.

Trockner Steg-Kleng Matterhorn änneren

Vum Trocknen Steg hier geet eng grouss Pendelkabinn a wéinege Minutten op d'Klengt Matterhorn (3.820 m). Vun do aus huet ee bei guddem Wieder e Panoramabléck iwwer d'Alpe vun der Schwäiz, Italien a Frankräich an et kann een op enger liichter rouder Pist um Gletscher fueren. Um Trocknen Steg muss ee bei guddem Wieder och mol iwwer eng Stonn waarden, fir an der Kabinn fir d'Kleng Matterhorn bäi ze kommen.