Otto Dix

däitsche Moler a Graphiker

De Wilhelm Heinrich Otto Dix, gebuer den 2. Dezember 1891 zu Untermhaus, haut e Quartier vu Gera, a gestuerwen de 25. Juli 1969 zu Singen (Hohentwiel), war en däitsche Moler a Graphiker.

Otto Dix
Gebuertsnumm Wilhelm Heinrich Otto Dix
Gebuer 2. Dezember 1891
Gestuerwen 25. Juli 1969
Singen (Hohentwiel)
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Moler, Esperantist, Universitéitsprofesser, Zeechner, Sculpteur, Graveur, Graphiker, visuelle Kënschtler
Member vun Akademie der Künste der DDR

Hien ass bekannt fir seng realistesch-haart a graff Duerstellung vun der Gesellschaft vun der Weimarer Republik a vum Éischte Weltkrich. Zesumme mam George Grosz, gëtt hien zu de wichtegste Representante vun der Neue Sachlichkeit gezielt. Och wann den Dix eng breet Pallett vu Stiler benotzt huet, si seng Wierker vun der Tendenz hier realistesch.

Hien huet méi wéi 6.000 Zeechnungen a Skizzen hannerlooss. E groussen Deel dovu sinn am Kunstmuseum Stuttgart an am Museum Gunzenhauser zu Chemnitz, sou wéi an der Galerie Albstadt.

Vun 1927 bis 1933 war den Dix Professer op der Kunstakademie Dresden. An der Nazi-Zäit huet e seng Plaz verluer; seng Wierker goufen als "entartet" ("degeneréiert") diffaméiert an hunn net méi däerfen ausgestallt ginn, an hien huet sech misse mat Landschaftsmolerei iwwer Waasser halen.

Wierker (Auswiel) änneren

Literatur änneren

  • Marion Ackermann (Hrsg.): Getroffen. Otto Dix und die Kunst des Porträts. Texte: Daniel Spange. Ausstellungs-Katalog Kunstmuseum Stuttgart 2007. Dumont, Köln 2007, ISBN 978-3-8321-9057-6.
  • Rainer Beck: Otto Dix. 1891–1969. Zeit, Leben, Werk. Stadler, Konstanz 1993.
  • Rainer Beck: Otto Dix. Die kosmischen Bilder. Zwischen „Sehnsucht“ und „Schwangerem Weib“. Verlag der Kunst (Philo Fine Arts), Dresden 2003, ISBN 3-364-00389-0.
  • Eva Karcher: Otto Dix – 1891 1969 – Leben und Werk. Köln 1988, ISBN 3-8228-0071-6.
  • Florian Karsch: Otto Dix. Das graphische Werk. Text: Hans Kinkel. Hannover 1970.
  • Fritz Löffler: Otto Dix. Leben und Werk. Dresden 1977,
  • Fritz Löffler: Otto Dix 1891–1969. Œuvre der Gemälde. Recklinghausen 1981.
  • Fritz Löffler: Otto Dix. Bilder zur Bibel. Union Verlag, Berlin 1986, ISBN 3-372-00055-2. (Mit Literatur-, Katalog- und Abbildungsverzeichnis und Bildnachweis)
  • Ulrike Lorenz: Otto Dix. Das Werkverzeichnis der Zeichnungen und Pastelle. als Buch an als DVD. Verlag und Datenbank für Geisteswissenschaften (VDG), Weimar.
  • Olaf Peters: Otto Dix: der unerschrockene Blick; eine Biographie. Reclam, Stuttgart 2013, ISBN 978-3-15-010938-0.
  • Suse Pfäffle: Otto Dix. Werkverzeichnis der Aquarelle und Gouachen. Stuttgart 1991.

Um Spaweck änneren

Commons: Otto Dix – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Otto Dix – Zitater