Tranchée des baïonnettes

Tranchée des baïonnettes ass e Monument bei Douaumont am franséischen Departement Meuse, dat duerch en Arrêté vum 6. Mee 1922, mam Terrain op deem et steet, klasséiert gouf.

Vue an de Gruef

D'Monument soll drun erënneren, datt an der Schluecht ëm Verdun den 12. Juni 1916, franséisch Zaldote vun zwou Kompanie vum 137. Infanterieregiment duerch d'Explosioun vun enger Granat an engem Gruef lieweg begruewe goufen.

Well d'Gewierer nach aus dem Buedem eraustoungen, gouf déi Plaz fir d'éischt tranchée des fusils an duerno tranchée des baïonnettes genannt. En amerikanesche Banquier, de Georges T. Rand, war dovu sou impressionéiert datt hien en Don vu 500.000 Francs gemaach huet, deen et erlaabt huet 1920 eng zolidd Bëtongskontruktioun iwwer de Gruef ze bauen, déi tëscht 1972 an 1976 restauréiert gouf.

Mythos oder Tatsaach? änneren

Zanter enger gudder Zäit gëtt et Diskussiounen tëscht den Historiker iwwer de Fong vun deem, wat den 12. Juni um Lieu-dit Ravin de la Dame geschitt ass.
Déi eng huelen dat Ganzt fir boer Mënz an déi aner betruechten et als e moderne Mythos.

Um Spaweck änneren

Commons: Tranchée des baïonnettes – Biller, Videoen oder Audiodateien