Topologie

Deelgebitt vun der Mathematik

D'Topologie (gr. τόπος, 'Plaz', and λόγος, 'Léier') ass e Gebitt vun der Mathematik, dat sech mat Eegenschafte vu geometreschen Objeten befaasst, déi ënner kontinuéierlechen Deformatiounen onverännert bleiwen.

De Begrëff Topologie gouf fir d'éischt ëm 1840 vum Johann Benedict Listing gebraucht.

Grondbegrëffer

änneren

Topologesche Raum

änneren

En topologesche Raum ass duerch en Tupel   definéiert, wou   e belibegen net eidelen Ensembel ass an   en Ensembel vu Sousensemble vun   mat gewëssenen Eegenschaften. D'Elementer vun   nennt een oppe Sousensemble vun   a se musse follgend Axiomer erfëllen:

  • Den eidelen Ensembel an   selwer sinn oppen.
  • D'Unioun vu belibeg villen oppenen Ensemblen ass oppen.
  • De Schnëtt vun endlech villen oppenen Ensemblen ass oppen.

D'Komplement   vun engem oppenen Ensembel   ass en zouenen Ensembel. En Ensembel deen opp an zou ass nennt een zoppen[Source?].

Wann   e belibege Sousensembel ass, dann nennt een d'Clôture   vun   dee klengsten zouenen Ensembel, deen   enthält, an dat Bannescht   vun   dee gréissten oppenen Ensembel, deen an   enthalen ass. D'Differenz   vun deenen zwee nennt een de Bord vun  . Dat Baussecht vun   ass d'Komplement vun der Clôture, also  .

Kontinuéierlech Funktiounen

änneren

Eng Funkioun   tëscht topologesche Raim   an   ass kontinuéierlech, wann d'Urbild   vun all oppenem Ensembel   an   en oppenen Ensembel an   ass. Wann   bijektiv ass an den Inverse   och kontinuéierlech ass, dann nennt een   en Homeomorphismus, an   an   sinn dann homeomorph.

Konvergenz

änneren

An engem topologesche Raum kann ee Konvergenz definéieren. Eng Suite   an engem topologesche Raum   konvergéiert géint eng Limitt  , wann et fir all oppenen Ensembel  , deen   enthält, eng Zuel   gëtt, soudatt fir all   gëllt, dass  . A Wierder seet een, dass fir all Ëmgebung   vun   d'Suite iergendwann an   läit.

Metresch Raim

änneren

All metresche Raum huet eng induzéiert Topologie, där hir oppen Ensemblen Unioune vun oppene Bäll sinn. Eng Topologie, déi vun iergendenger Metrik induzéiert gëtt, nennt ee metresch Topologie. D'Konvergenz am Sënn vun der Metrik ass dann equivalent zur Konvergenz am Sënn vun der induzéierter Topologie.

Mannifalten

änneren

Topologesch Raim kënnen enorm pathologesch[onkloer] sinn, z. B. dem Alexander seng behaarte Sphär. Par conter hu Mannifalten, wéi z. B. d'Sphär, den Torus oder d'Klein-Fläsch, vill méi agreabel Eegenschaften.

Deelgebitter

änneren

An der allgemenger Topologie ginn topologesch Raim a kontinuéierlech Funktiounen ënnersicht. Wichtegt Konzepter si Limitten a Konvergenzen.

An der Differentialtopologie geet et ëm topologesch Eegenschafte vu Mannifalten an hiren Abettungen.

An der algebrescher Topologie definéiert een algebresch Invariante vun topologesche Raim, z. B. d'Fundamentalgrupp. Domat kann ee weisen, datt zwéi Raim net homeomorph sinn.

Um Spaweck

änneren
Commons: Topologie – Biller, Videoen oder Audiodateien