Johann Benedict Listing
däitsche Mathematiker
De Johann Benedict Listing, gebuer de 25. Juli 1808 zu Frankfurt am Main, a gestuerwen de 24. Dezember 1882 zu Göttingen, war en däitsche Mathematiker.
Johann Benedict Listing | |
---|---|
Gebuer |
25. Juli 1808 Frankfurt am Main |
Gestuerwen |
24. Dezember 1882 Göttingen |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen |
Educatioun | Universitéit Göttingen |
Aktivitéit | Mathematiker, Topolog, Physiker, Universitéitsprofesser |
De Listing huet Mathematik an Architektur op der Universitéit vu Göttingen studéiert.
Duerch säi Professer de Carl Friedrich Gauß huet hien ugefaange sech op d'Topologie ze spezialiséieren. Hien huet 1847 e Léierbuch fir Topologie ausgeschafft, d'Vorstudien zur Topologie. Hien huet och de Begrëff Topologie an d'Welt gesat.
Onofhängeg vum Möbius a bal gläichzäiteg huet de Listing 1858 déi besonnesch Eegenschafte vum Möbiusband entdeckt.
Um Spaweck
änneren- (en) Johann Benedict Listing—MacTutor History of Mathematics archive.
- (de)En Deel vun der Vorstudie zur Topologie