Tom Jungen

Lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker

Den Tom Jungen, gebuer de 14. Mee 1976 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen OGBL-Gewerkschaftler an LSAP-Politiker. Hien ass zanter 2008 Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser.

Tom Jungen
Gebuer 14. Mee 1976
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei LSAP

Den Tom Jungen ass zu Krautem opgewuess, wou hien an d'Primärschoul gaangen ass. Säi Secondaire huet hien an der Handwierkerschoul gemaach, an der Sektioun Electromécanique.

Nodeem hie vun 1995 un e puer Joer bei Soutirages luxembourgeois geschafft hat, ass den Tom Jungen 1999 haaptberuffleche Gewerkschaftssekretär beim OGBL ginn. Seng Responsabilitéite louche fir d'éischt am Secteur Alimentatioun an Hôtellerie an duerno am ëffentlechen Déngscht. 2006 gouf hie Regionalsekretär fir Diddeleng a fir den Oste vu Lëtzebuerg.

Den Tom Jungen ass vu 16 Joer un an der LSAP a bei de Jongsozialisten aktiv.

1999 ass hie fir d'éischt zu Réiser op der LSAP-Lëscht mat an d'Gemengewale gaangen a gouf direkt an de Gemengerot gewielt. Am Mäerz 2001 ass hien an de Schäfferot komm a gouf de 5. Februar 2008 als Buergermeeschter vereedegt. Zanterhier huet hien dëse Posten, zulescht gouf hie bei de Gemengewale vum 11. Juni 2023 cofirméiert.[1]

Zanter dem Januar 2019 ass hie Generalsekretär vun der LSAP.[2]

Aner Funktiounen änneren

  • Delegéierte beim SES, zanter 2001
  • President vum SES, zanter 2005
  • Delegéierte beim SEBES, zanter 2005
  • Kommiteesmember beim SICEC, zanter 2001.
  • President vum SICEC, zanter 2018

Referenzen änneren

  1. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (04.07.2023). Gekuckt de(n) 04.07.2023.
  2. "De Franz Fayot ass neien LSAP-President, Tom Jungen Generalsekretär ". rtl.lu, 23.01.2019, 08:25:03.