Tom Bimmermann

lëtzebuergesche Komponist

Den Tom Bimmermann, gebuer de 26. Dezember 1971 zu Esch-Uelzecht ass e lëtzebuergesche Komponist, deen zu Los Angeles lieft.

Tom Bimmermann
Gebuer 26. Dezember 1971
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

Säi Liewen änneren

Vun 1980 bis 1992 geet hien an de Conservatoire zu Esch-Uelzecht. Do léiert hie Solfège, Harmonie, Kontrapunkt, Fugenanalys, musikalesch Esthetik a Piano. 1990 schléisst hie säi Lycée zu Esch of a geet op Paräis op de Conservatoire National Supérieur de Musique de Paris. Do kritt e seng Diplomer 1991 am Kontrapunkt, 1992 an der Fuge an 1993 an Harmonie. Vun 1993 bis 1996 ass hien zu Salzburg am Mozarteum, wou e säin Diplom fir Dirigent fir Sinfoneschen Orchester mécht.

Duerno geet e vun 1992 bis 1996 an Dirigente-Coursen a Frankräich an zu Wien.

Säi Wierk änneren

Am Escher Theater goufen en ettlech vu senge Kompositioune fir d'éischt opgefouert:

  • 1987: Rondo Extrait aus der Pianosonat, op.10
  • 1988: Willkommen und Abschied fir Chouer a cappella
  • 1989: Fugue a re mineur fir Flütten-Ensembel
  • 1990: Theema a Variatioune fir Piano,op.16

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren