Den Toluca-Meteorit gouf am Joer 1776 vu spuenesche Konquistadoren am Toluca-Dall (Jiquipilco, Mexiko) entdeckt.

Den Toluca-Meteorit

D'Metall vum Eisemeteorit gouf vun den Indioen déi do liewe schonn zanter Joerhonnerte fir d'Hierstellung vu Geschier benotzt. Op dem wäite Streefeld si bis elo ettlech dausend Brochstécker, mat engem totale Gewiicht vun 2,5 Tonnen agesammelt ginn. De Meteorit huet däitlech Widmanstätten-Strukturen an huet dacks grouss Aschlëss vum Mineral Troilit.

Den Toluca-Meteorit staamt aus der Asteroidenceinture a gëtt als graffen Oktaedrit vun der Grupp IA klassifizéiert.

Cheemesch Zesummesetzung: 91 % Eisen; 8,1 % Néckel

Mineralfondplazen änneren

An de stengegen Deeler vum Toluca-Meteorit konnte bis elo (Stand: 2013) am Ganze 17 Mineraler respektiv hir Varietéiten entdeckt ginn, wéi ënner anerem Alabandin, Chromit, Cohenit, Daubréelith, Olivin an Taenit. Fir déi béid Mineraler Haxonit a Kosmochlor gëllt de Meteorit och als Typlokalitéit.[1]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Toluca meteorite – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Mindat - Typlokalität Toluca-Meteorit, Jiquipilco (Xiquipilco), Mexiko